Tharsis (Gradsecteur)

Vu Wikipedia
Kaart vum Tharsis Gradsecteur / Mars Orbiter Laser Altimeter (MOLA)-Daten.
(héich ass rout an niddreg ass blo).
Koordinaten: 15°N 112,5°W
Bild vum Tharsis Gradsecteur (MC-9). D'Regioun ëmfaasst den Olympus Mons , den Ascraeus Mons an de Pavonis Mons , dräi vun de véier gréisste Schëldvulkaner um Mars. Am nërdlechen zentralen Deel läit den Ceraunius Fossae.

De Gradsecteur Tharsis gehéiert zu den 30 Gradsecteuren um Planéit Mars. Si goufe vun der USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-9, de Gradsecteur ëmfaasst d'Gebitt vun 90° bis 135° westlecher Längt a vun 0° bis 30° südlecher Breet.

Den Numm staamt vun enger Albedo-Bezeechnung vum Mars, d'Géigend gouf no der spuenescher Stad Tartessus genannt. De Sektor ëmfaasst de Groussdeel vum Tharsisplateau, en ass ongeféier sou héich wéi de Mount Everest a vun der Fläch hir zirka sou grouss wéi Europa. Et gëtt do och en ettlech Vulkaner, ë. a. den Olympus Mons, de gréisste Vulkan aus eisem Sonnesystem.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tharsis – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]