The Beach Boys
| The Beach Boys | |
|---|---|
|
| |
| Museksgenre | Rock 'n' Roll, Popmusek, Rockmusek |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Grënnung | 1961 |
| Websäit | http://thebeachboys.com |
|
| |
The Beach Boys sinn eng US-amerikanesch Popmuseksgrupp vun Hawthorne, a Kalifornien.
Si gouf 1961 vun dräi Bridder, hirem Cousin an engem Frënd gegrënnt, an hat an den 1960er an 1970er Joren e grousse populäre Succès. Et war eng vun de wéinegen amerikanesche Gruppen, déi musikalesch mat brittesche Gruppen aus der selwechter Ära, wéi de Beatles oder de Rolling Stones, mathale konnten. Ursprénglech am Genre Surfmusek aktiv, huet sech d'Grupp virun allem duerch hir Lidder mat komplexen a ganz melodesche Gesangsharmonien ausgezeechent.
D'Beach Boys waren an de fréien 1960er Joren an den USA ganz populär, awer um Enn vum Joerzéngt huet hire Réckgang ugefaangen, besonnesch wéinst der prekärer psychescher Gesondheet vum Brian Wilson, dem Bassist, Sänger an Haaptkomponist vun de meeschten Hits vun der Grupp.
Ma an de Joerzéngten dono waren d'Beach Boys nach ëmmer aktiv, wann och onregelméisseg, an haten e bemierkenswäerte Comeback an den 1980er Joren (mat Titele wéi dem Cover vu California Dreamin' oder Kokomo). 1988 goufen si an d'Hall of Fame opgeholl.
Mat hire Singlen an Albume sinn d'Beach Boys, der amerikanescher Zäitschrëft Billboard no, déi éischt amerikanesch Grupp, déi weltwäit méi wéi 100 Milliounen Albume verkaaft huet.
Zu hire bekanntsten Titelen ziele Surfin' USA, I Get Around, Barbara Ann a Good Vibrations.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: The Beach Boys – Biller, Videoen oder Audiodateien |
