The Family of Man

Vu Wikipedia

The Family of Man ass eng Fotosausstellung, déi vun 1951 un vum US-amerikanesche Fotograf Edward Steichen, engem gebiertege Lëtzebuerger, zesummegestallt gi war. Der New York Times no symboliséiert se the universality of human emotions. Si gouf 2003 an d'UNESCO-Gediechtnes vun der Welt opgeholl.

De 24. Januar 1955 ass am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York eng Fotoaustellung, The Family of Man, opgaangen. Aus iwwer 2 Millioune Fotoe ware fir d'éischt emol 10.000 Stéck erausgesicht ginn; aus deene goufen 503 Fotoen ausgewielt, vun 273 Fotografen aus 68 Länner.

Dat ass déi bedeitends Fotoaustellung vun allen Zäiten. No dem groussen Erfolleg am MoMA sinn d'Biller op Welttournée gaangen. Dofir waren e puer Kopië vun der Ausstellung gemaach ginn. Bis 1964 haten iwwer 9 Millioune Leit se gesinn.

E Saz vun der Ausstellung huet d'amerikanesch Regierung, op Demande vum Edward Steichen, 1966 dem Lëtzebuerger Staat vermaach, an dat, obwuel 1952 d'Lëtzebuerger Regierung en domat brüskéiert hat, wéi se refuséiert hat, datt d'Ausstellung zu Lëtzebuerg hir Welttournée sollt ufänken. Mä och jorelaang duerno wousst kee richteg eppes domat unzefänken; se ass an d'Klierfer Schlass tëscht Krichskreemchen a Buergmaquettë gepaakt ginn. Eng Rëtsch Panneauen, fir déi keng Plaz war, si souguer op engem Späicher gelant, wou se Fiichtegkeet an extreeme Wiederconditiounen ausgesat waren. Eréischt ufanks der 1990er Joren ass d'Ausstellung duerch den CNA fachkënneg restauréiert an an e wierdege Kader gesat ginn.

No enger kuerzer Tournée, ënner anerem a Japan, gouf d'Ausstellung definitiv am Klierfer Schlass, an engem erweiderte Kader, an no hirem urspréngleche Lay-out, installéiert.

2003 gouf Family of Man an d'Memory of the World Register vun der UNESCO opgeholl.

Migrant Mother (1936), Dorothea Lange - Eng vun de Fotoen aus der Ausstellung

E puer vun de Fotografen, vun deenen e Wierk an der Ausstellung hänkt:

Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 2010 an 2013 goufen d'Fotoe zu Diddeleng am CNA vun der italieenescher Restauratorin Silvia Berselli an hirem Team restauréiert. Gläichzäiteg goufen d'Ausstellungsraim um 1. an 2. Stack vum Klierfer Schlass komplett fir 4.8 Milliounen Euro renovéiert,[1] an et gouf och en neien Agang fir an d'Ausstellung geschaf, deen och vun der Klierfer Gemengeverwaltung benotzt gëtt. Déi komplett Ausstellung ass de 5. Juli 2013 a Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Prinzessin Stéphanie nees nei opgaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Collectif d'auteurs, 1994. The Family of Man, Témoignages et documents, éditions artevents.
  • Krieps, Rosch, 1991. Das Erbe des 'Patriarchen der Fotografie'. In: Voilà Luxembourg Nr. 1.
  • Krieps, Rosch, 2005. Humanheit. The Family of Man richtig verstehen. Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, Dudelange. (Dëst ass den drëtte Band vum Rosch Krieps senger "Steichen-Story". Mat Grondrësser vun der Original- an der Klierfer-Installatioun vun der Ausstellung.)
  • Sandeen, Eric J., 1995. Picturing an Exhibition: The Family of Man and 1950s America. University of New Mexico Press. 1st ed., ISBN 0826315585.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "20 Joer Kultur zu Lëtzebuerg" Emissioun vum 16. September 2013 am Audioarchiv vun 100komma7.lu, ca 27. Minutt.