The Swinging Blue Jeans

Vu Wikipedia
The Swinging Blue Jeans (2013)

The Swinging Blue Jeans war eng englesch Popmuseksgrupp déi 1957 zu Liverpool ënner dem Numm Swinging Bluegenes gegrënnt gouf, déi Skiffle-Musek gespillt hunn.

Grënnungsmembere waren

  • de Gittarist Ray Ennis
  • de Bassist Les Braid
  • um Banjo de Paul Moss, deen 1960 duerch de Ralph Ellis ersat gouf
  • den Drummer Norman Kuhlke

Déi Zäit si se zu Hamburg am Star-Club op Sankt Pauli an zu Liverpool am The Cavern am Virprogramm vu ville bekannte Popgruppen, wéi Gerry and the Pacemakers, The Searchers an The Beatles opgetrueden.

1964 hate se hire gréissten Hit Hippy Hippy Shake.

Kompilatioune mat hire Lidder sinn einfach ze fannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]