The Voice (Castingshow)

The Voice ass eng Televisiouns-Castingshow fir Sänger a Sängerinnen, déi zënter 2010 a ville Länner op der Welt an ënnerschiddleche Formater leeft.
Weltwäit Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]
Déi ursprénglech Sendung The Voice kënnt aus Holland, wou se vum Fernseeproduzent John de Mol erfonnt gouf, deen och schonn aner weltwäit erfollegräich TV-Konzepter entwéckelt huet, wéi zum Beispill Big Brother, Fear Factor an Deal or No Deal. Do ass déi éischt Sendung ënnert dem Titel The Voice of Holland am Joer 2010 gelaf a war direkt e groussen Erfolleg.
Zënterhier hunn Televisiounssenderen an iwwer 70 Länner oder Regiounen d'Format iwwerholl an hir eege Versioune produzéiert. An Däitschland heescht d'Sendung The Voice of Germany, a Frankräich The Voice – La plus belle voix. An der Belsch hu mat The Voice van Vlaanderen an The Voice Belgique déi zwou grouss Sproochgemeinschaften hir eege Versiounen. Donieft ginn et och regional Programmer, zum Beispill fir d'arabeschsproocheg Länner (The Voice: Ahla Sawt), oder fir d'franséischssproocheg Länner an Afrika (The Voice Afrique Francophone).
Aus dem ursprénglech Konzept sinn aner Variatiounen entsprongen, dorënner The Voice Kids, bei där nëmme Kanner dierfen deelhuelen, The Voice Teens fir Jugendlecher an The Voice Senior fir eeler Leit.
Et ginn eng Rei offiziell weltwäit Kanäl op YouTube: The Voice Global (op Englesch), La Voz Global (op spuenesch), Best of The Voice a Best of The Voice Kids. Hei gi Kompilatiounsvideoe vun den Optrëtter vun de Kandidaten aus aller Welt eropgelueden. Zesummen hu si Ronn 25 Milliounen Abonnenten.
Konzept
[änneren | Quelltext änneren]

Den Titel vun der Sendung weist drop hinn, datt d'Stëmm vun de Kandidate méi wichteg soll si wéi hiert Ausgesinn. D'Kandidaten triede virun enger Jury vu véier bis fënnef Prominenten op, déi "Coaches" genannt ginn a generell selwer erfollegräich Sänger sinn.
D'Jury sëtzt op Fotellen, déi der Bün de Réck dréinen, esou datt si d'Kandidaten net gesinn, mee just héieren. Da kommen d'Kandidaten a musse virsangen. Dat Format, "Blind Auditions" genannt, stellt sécher, datt Entscheedungen fir oder géint e Kandidat nëmmen op Basis vun deem senger Stëmm getraff ginn. Wann engem Coach gefält, wat en héiert, dréckt en e Knäppchen, mat deem e säi Stull ëmdréint fir ze signaliséieren, datt en Interessi huet, de Sänger oder d'Sängerin ze betreien. Wa sech méi wéi ee Coach ëmdréint, dann ass et um Kandidat, säi Mentor selwer ze wielen.
No de "Blind Auditions" forméiert all Coach en Team a fänkt un, seng Sänger duerch verschidde Phasen ze betreien. An de "Battle-Ronnen" sangen d'Kandidaten aus dem selwechten Team Duetter, woubäi de Coach entscheed, wie weiderkënnt. D'Coaches vun den aneren Ekippe kënnen och déi ausgescheete Sänger "klauen". An e puer Versioune vun der Show gëtt et eng "K.O.-Ronn", an där d'Sänger e Solo sangen an nëmmen déi Stäerkst weider kommen.
Duerno ginn et Live-Showen, an deenen d'Kandidate souwuel virun de Coaches wéi och virum Public optrieden, dat ofstëmme kann. D'Stëmme vun den Zuschauer bestëmmen dacks, wien an d'Finall kënnt, wou e Gewënner ausgewielt gëtt. De Champion erhält generell e Geldpräis an e Kontrakt mat engem Plackelabel.
Lëtzebuerger bei The Voice
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt keng lëtzebuergesch Versioun vun The Voice, awer 2012 gouf et mat The One eng änlech Emissioun. Dogéint hunn awer eng Rei Kandidaten aus Lëtzebuerg bei den The-Voice-Formater an den Nopeschlänner matgemaach.
Fir déi franséisch Emissioun gouf och e puer Mol e Casting direkt zu Lëtzebuerg organiséiert.[1],[2],[3]
An Däitschland (The Voice of Germany)
[änneren | Quelltext änneren]- Den James Borges huet et 2012 bei der 2. Saison bis an d'Finall gepackt hat, wou hien de 4. gouf.[4]
- D'Thorunn Egilsdottir gouf 2013 an der 3. Staffel virun der Halleffinall erausgewielt.[5]
- 2015 ass d'Sabrina Gerard (déi spéider hiert Geschlecht geännert huet an den Numm George Philippart ugeholl huet) an der 2. Phas ("Battle Round") vun der 5. Staffel ausgescheet.[6],[7]
- An der 7. Saison am Joer 2017 hunn direkt dräi Lëtzebuerger matgemaach. D'Christina Rodrigues vum Cents an den Jimmy Risch vu Steesel sinn an der zweeter Phas ("Battle Round") ausgescheed. D'Christine Heitz, spéider bekannt ënnert dem Numm Krick, huet et bis an déi drëtt Phas, de "Sing Off", gepackt.[8]
- De Joel Marques Cunha stoung an der 13. Staffel 2023 souguer bis an der éischter Liveshow (der Halleffinall).[9]
- An der 14. Staffel am Joer 2024 koum de Chris Chalmer, deen zu Lëtzebuerg als Kand vun däneschen Eltere gebuer an opgewuess ass a mëttlerweil an Éisträich lieft an do de Sänger vun der Band Stesy ass, bis an déi drëtt Phas ("Teamfights").[10],[11]
- Donieft war 2018 mam Kilian aus Waasserbëlleg e Kandidat bei The Voice Kids dobäi, deen an de "Blind Auditions" opgetrueden ass awer net weider koum.[12]
An der Belsch (The Voice Belgique)
[änneren | Quelltext änneren]- An der 1. Staffel (2011-2012) ass de Ralf Haas an der Episod 10, den "Duels finaux" (der leschter Folleg virun de Live-Shows) ausgescheet.[13]
- An der 10. Staffel (2021-2022) ass d'Virginie Ranaivoson vun Nidderfeelen an der 9. Episod wärend der "K.O."-Ronn ausgescheet.[14]
- An der 11. Staffel (2024) waren zwou Kandidatinnen aus Lëtzebuerg dobäi, vun deenen d'Emma Sorgato d'Emissioun gewonnen huet. Déi aner Kandidatin war d'Eugénie Moine, déi an der 9. Episod, den "Duels", ausgescheet ass.[15],[16],[17]
A Frankräich (The Voice Kids)
[änneren | Quelltext änneren]A Frankräich gouf et keng Kandidaten aus Lëtzebuerg an der Emissioun fir Erwuessenen (The Voice – La plus belle voix). Et gouf awer Kandidate bei der Emissioun fir Kanner (The Voice Kids):
- 2018 huet den Alexander Ernoult, e Franko-Schweed vu Lëtzebuerg, et bis an d'Halleffinall vun der 5. Staffel vun The Voice Kids gepackt.[18]
- D'Naomi Ayé koum 2020 an der 7. Staffel an d'Finall vun The Voice Kids a gouf do déi drëtt. Dat siwejäregt Léna vu Lëtzebuerg huet et bis an d'Halleffinall gepackt.[19]
A Portugal (The Voice Portugal)
[änneren | Quelltext änneren]- De Brasilianer Neemias Silva, deen tëscht 2017 an 2024 zu Lëtzebuerg gelieft, huet et an deem Joer an der 12. Saison bis an déi éischt Live-Show gepackt (13. Episod).[20]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Talents, eng lëtzebuergesch Castingshow aus dem Joer 2002.
- Wanns de eppes kanns!, eng lëtzebuergesch Castingshow aus de Joren 2009-2011.
- The One, eng lëtzebuergesch Castingshow aus dem Joer 2012.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ lessentiel.lu: «The Voice» va faire étape à Differdange en avril (8. Februar 2019)
- ↑ lessentiel.lu: «The Voice» lädt zum Casting in Differdingen (1. August 2022)
- ↑ lessentiel.lu: «Plus de 600 km pour participer au casting de The Voice» vum Frédéric Lambert] (10. September 2024)
- ↑ rtl.lu: "The Voice of Germany": James Borges 4. vu 4 an der Finale (26. November 2013)
- ↑ rtl.lu: „The Voice of Germany“: Thorunn net an der Halleffinale (10. Dezember 2013)
- ↑ lessentiel.lu: Le jury bluffé par une jeune Luxembourgeoise (16. Oktober 2015)
- ↑ brf.be: George Philippart stellt sein Album vor: "C´est Moi" (16. Juli 2021)
- ↑ wort.lu: Jimmy am Ende der Zeit vum Nicole Werkmeister (30. November 2017)
- ↑ wort.lu: Joel aus Differdingen verpasst das „Voice“-Finale vum Sebastian Weisbrodt (2. Dezember 2023)
- ↑ wort.lu: Luxemburger Chris Chalmer kommt bei „The Voice“ eine Runde weiter vum Uwe Hentschel (4. Oktober 2024)
- ↑ sat1.de: Chris Chalmer
- ↑ wort.lu: Nicht weiter und trotzdem glücklich (11. Februar 2018)
- ↑ wort.lu: Ein Luxemburger bei “The Voice Belgique” (15. Mäerz 2012)
- ↑ virgule.lu: Fin de l’aventure «The Voice» pour Virginie vum Christophe Nadin (23. Februar 2022)
- ↑ wort.lu: Schon wieder überzeugt ein Luxemburger Talent bei „The Voice“ vum Dustin Mertes (24. Januar 2024)
- ↑ virgule.lu: The Voice Belgique: fortunes diverses pour les deux candidates luxembourgeoises vum Dustin Mertes (6. März 2024)
- ↑ lequotidien.lu:La Luxembourgeoise Emma remporte The Voice Belgique ! vum Sophie Wiessler (24. Abrëll 2024)
- ↑ lequotidien.lu: The Voice Kids : deux jurés pour le Luxembourgeois Alexander Ernoult vum Sarah Mélis (20. Oktober 2018)
- ↑ lessentiel.lu: «The Voice Kids»: Pour Naomi et Léna, ça devient sérieux sur «TF1» vum Cédric Botzung (1. Oktober 2020)
- ↑ radiolatina.lu: Neemias segue no The Voice, otimista e com o apoio dos fãs do Luxemburgo (net datéiert; gekuckt den 12. Januar 2025)