Theodor von Cederstolpe

Vu Wikipedia
Theodor von Cederstolpe
Gebuer 5. Juni 1811
Gestuerwen 9. August 1878
Nationalitéit Preisen
Aktivitéit Offizéier

Den Theodor von Cederstolpe, gebuer de 5. Juni 1811 am deemolege Krees Niederbarnim a gestuerwen den 9. August 1878 zu Charlottenbrunn, war Kapitän a Kartograph vum preiseschen 39. Infantrieregiment, dat an der Bundesfestung Lëtzebuerg d'Garnisoun gestallt huet[1],[2],[3].

Dem Theodor von Cederstolpe seng Famill kënnt aus Schweden.[2]

Wärend senger Zäit zu Lëtzebuerg huet hie sech a senger Fräizäit mat der Lëtzebuerger Geschicht an de Bräich beschäftegt, an eng Abberzuel Gedichter geschriwwen, absënns iwwer d'Seeërcher an d'Legende vum Land oder geschichtlech Ereegnesser déi hie poetesch verschafft huet.

1850 huet hien eng Kaart iwwer d'Festungsanlage publizéiert, déi haut zu Marburg versuergt gëtt[4].

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Sagen von Luxemburg : poetisch bearb. von Th. v. Cederstolpe

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Luxemburger Autorenlexikon seet e wier Éischte Leitnant gewiescht, all aner Quellen inklusiv d'Wort hei ënnen drënner soen, e wier (op Franséisch) capitaine respektiv (op Däitsch) Hauptmann gewiescht.
  2. 2,0 2,1 "Theodor von Cederstolpe" in: Deutsches Literatur-Lexikon op degruyter.com.
  3. Melusina und Napoleonsbaum. Luxemburgische Sagenbücher als Beispiele literarischer Identitätsbildung im 19. Jahrhundert: Theodor von Cederstolpe war Hauptmann der damals preußischen Garnison in Luxemburg und Aristokrat mit schriftstellerischen Ambitionen.
  4. "Timbres-postaux spéciaux 'Centenaire Traité de Londres'." In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 61 (02.03.1967), p. 12. Digitised by the National Library of Luxembourg.