Thermodynamik

Vu Wikipedia

D'Thermodynamik (v. griich.: therme - "Wäermt"; dynamis - "Kraaft") ass en Deelgebitt vun der Physik, dat d'physikalesch Eegenschafte vu makroskopesche Systemer vu Materialien an Energie an deenen hir Zoustänn, Zoustandsännerungen a géigesäiteg Beaflossung ënnersicht.

An der Thermodynamik ginn Ännerunge vun Zoustänn mat Zoustandsgréisste beschriwwen. Dobäi ginn extensiv (ofhängeg vun der Quantitéit vun Deelecher, z. B. Enthalpie , Volumen , Entropie oder Bannenzeg Energie ) an intensiv (onofhängeg vun der Quantitéit vun Deelecher, z. B. spezifesche Volumen a molare Volumen , Drock oder Temperatur ) Zoustandsgréissten definéiert.

Fir Stoffer ze beschreiwe ginn an der Thermodynamik Stoffmodeller definéiert. Déi kënnen op reale Miessunge baséieren (z. B. Damptabell fir Waasser) oder op vereinfachten Unnahmen (z. B. ideale Gas, ideal Flëssegkeet, ideal Léisung)

Grondbezéiung[änneren | Quelltext änneren]

D'Grondbezéiung vun der Thermodynamik (Gibbs-Fundamentalbezéeiung) beschreift d'Zesummenhäng am Gläichgewiicht tëscht verschiddenen Zoustandsgréissten. Si ass fundamental e kompletten Differenzial vun der bannenzeger Energie.

Mat den Definitioune fir Temperatur, Drock an d'cheemescht Potenzial:

Definitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Définitoun vun der Enthalpie :

kann d'Gibbs Fundamentalbezéiung och ëmgeschriwwe ginn:

An dëser Equatioun stécht d'Définitioun vum Volumen:

Haaptsätz[änneren | Quelltext änneren]

An der Thermodynamik gëtt et véier Haaptsätz:

Nullten Haaptsaz[änneren | Quelltext änneren]

Wann e System A mat engem System B am Gläichgewiicht ass, an de System B mat engem drëtte System C am Gläichgewiicht ass, dann sinn och de System A an C am Gläichgewiicht. Dësen Haaptsaatz gëllt souwuel fir d'thermescht (Temperatur) Gläichgewiicht, fir d'meechanescht (Drock) Gläichgewiicht wei fir d'cheemescht Gläichgewiicht.

Éischten Haaptsaz[änneren | Quelltext änneren]

Energie ass eng Erhalungsgréisst. D'bannenzeg Energie vun engem System verännert sech nëmme wann Hëtzt oder Aarbecht iwwer d'Grenzen vum System transferéiert ginn:

Fir e stationäre Fléissprozess gëtt dës Equatioun meeschtens op d'Enthalpie bezunn:

Zweeten Haaptsaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Entropie vun engem System verännert sech duerch Entropie-Produktioun am System an duerch Hëtztiwwergang. Duerch net-Reversibilitéite gëtt am System Entropie produzéiert. Dësen Terme ass ëmmer mei grouss oder gläich null (fir de Grenzfall vun engem reversibele System gëtt keng Entropie produzéiert). Duerch Hëtztiwwergang kann de System Entropie dobäi kréien oder e kann der ewechgeholl kréien, ofhängeg op Wäermt an de System eran- oder erausfléisst.

Drëtten Haaptsaz[änneren | Quelltext änneren]

Entropie ass eng absolut Gréisst. Den Nullpunkt vun der Entropie () ass fir de perfekte Kristall definéiert, dat heescht bei der minimal méiglecher Temperatur:

Zoustandsequatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zoustandsequatioune sinn Equatiounen, déi den Zusammenhank tëscht thermodynameschen Zoustänn uginn. Déi Equatioune stellen ni e reaalt Verhale vu Stoffer duer, mä baséieren ëmmer op vereinfachten Unnahmen. Déi einfachst a bescht bekannt Zoustandsequatioun ass d'ideaalt Gasgesetz:

ass eng universell Konstant an ass de Produit vun der Boltzmann Konstant an der Avogadro Zuel :

D'ideaalt Gasgesetz baséiert op der Unnahm, datt d'Molekülle keen Eegevolumen hunn, an datt tëscht hinne keng Wiesselwierkunge bestinn. Dofir gëllt d'ideaalt Gasgesetz strikt fir verschwannend Dichten () a kann dofir fir kleng Dichte gutt ugewannt ginn.

Eng Verbesserung vum ideale Gasgesetz ass d'Virialequatioun. Si ass eng Taylor Entwécklung vum ideale Gasgesetz am Beräich (resp. ):

woubäi als zweete Virialkoeffizient an als drëtte Virialkoeffizient bezeechent ginn.

Weider Zoustandsequatioune sinn an de leschte Joerzéngten aus verschiddene Methoden entstanen. Eng Method déi an de leschte Jore verstäerkt agesat gëtt ass d'Stéierungstheorie. Déi bekanntst Zoustandsequatioun déi doraus entstanen ass, ass d'Van der Waals Equatioun:

woubäi als Kohäsiounsdrock an als KovolumenKovolume bezeechent ginn.

Molekular Thermodynamik[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thermodynamics – Biller, Videoen oder Audiodateien