Op den Inhalt sprangen

Thierry Ardisson

Vu Wikipedia
Thierry Ardisson
Gebuertsnumm Thierry Pierre Clément Ardisson
Gebuer 6. Januar 1949
Bourganeuf
Gestuerwen 14. Juli 2025
13. Arrondissement
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Paul-Valéry zu Montpellier
Aktivitéit Televisiounsproduzent, Fernseemoderator, Filmproduzent, Schrëftsteller, Journalist
Auszeechnungen Chevalier vun der Légion d'honneur‎
Famill
Bestuet mat Audrey Crespo-Mara (21.6.2009–14.7.2025),
Christiane Bergognon (6.1970–1980),
Béatrice Ardisson (1988–2009)
Papp Victor Ardisson
Mamm Renée Ardisson
Kanner Manon Ardisson, Ninon Ardisson, Gaston Ardisson
Websäit https://thierryardisson.fr/

Den Thierry Ardisson, gebuer de 6. Januar 1949 zu Bourganeuf, am Departement Creuse, a gestuerwen de 14. Juli 2025 zu Paräis, war e franséischen Televisiounsanimateur a -produzent, Auteur a Filmproduzent.

Hie war joerzéngtelaang Animateur vun enger ganzer Rëtsch vu Magasinnen, Talk- a Variétésshowen op verschiddene Sender vun der franséischer Tëlee, dorënner Paris Dernière, Tout le monde en parle, an On a tout essayé.

Hie war och Auteur vu Bicher dorënner Confessions d’un Babyboomer an e Bestseller iwwer de Louis XX. (Louis XX – Contre-enquête sur la Monarchie). Viru senger Karriär als Animateur huet hien an der Publicitéitsbranche geschafft a war ë. a. Editeur resp. Matgrënner vun Zäitschrëften (J'économise, L'écho des Savannes, Interview).

 Commons: Thierry Ardisson – Biller, Videoen oder Audiodateien