Thierry Origer (Reliounswëssenschaftler)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Professer a Museker Thierry Origer. Fir aner Persoune mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. Thierry Origer.
Thierry Origer
Gebuer 23. Dezember 1977
Gestuerwen 3. Abrëll 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Thierry Origer, gebuer den 23. Dezember 1977 a gestuerwen den 3. Abrëll 2015, war e lëtzebuergesche Professer, Reliounswëssenschaftler, Theolog a Museker.

En huet 1997 eng Première B classique am Iechternacher Kolléisch gemaach an duerno Sciences religieuses, Theologie a Philosophie zu Louvain-la-Neuve an zu Tréier studéiert. Vum Hierscht 2003 bis zu sengem Doud huet hien (vun 2006 un als nominéierte Professer) Relioun an Ethik am Mamer Lycée enseignéiert.

Donieft war hien a senger Fräizäit aktiv als Organist op verschiddene Plazen am Land, souwéi Sekretär vun den Amis de l'orgue - Luxembourg.

Um Spaweck

Musikalesches

Geschriwwenes