Thimister-Clermont
Thimister-Clermont | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Verviers |
Awunner | 5.725 (1. Januar 2018) |
Fläch | 2 869 ha |
Koordinaten |
50° 36’ 44’’ N 05° 44’ 47’’ O |
Telefonszon | 087 |
Postcode | 4890 |
Websäit | http://www.thimister-clermont.be |
Thimister-Clermont, ass eng belsch Gemeng an der Provënz Léck. D'Gemeng ass am Kader vum belsche Gemengefusiounsgesetz vun 1977 entstanen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng läit matzen am Pays de Herve an zwar an deem Deel dee Vrai Pays de Herve genannt gëtt an um rietsen Uwänner vun der Berwinne déi am Norden an am Osten d'Gemengegrenz mat Aubel mécht. En ettlech vun hiren Niewebaache wéi z. B. d'Bèfve an de Ruisseau de la Vlamerie hunn hir Quellen um Territoire vun der Gemeng. De ganze südlechen Deel läit laanscht d'Nationale 3 déi do Chaussée Charlemagne genannt gëtt an déi do op der Waasserscheed vun der Meuse an der Vesdre läit.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng ass 1979 bei der Fusioun vun den zwou fréiere Gemengen Thimister a Clermont-sur-Berwinne entstanen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng krut 1979 autoriséiert[1] als Wopen, dee vun der fréierer Gemeng Clermont ze droen.
Beschreiwung: D'Or à la croix engrelée de sable
Dat gezackt Kräiz ass charakteristesch fir Adelsfamillen aus dem fréieren Herzogtum Limburg, an de Wope gouf vun deem vun der Famill Scavedris ogeleet déi am 15. Joerhonnert Schlasshären zu Clermont waren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Thimister-Clermont – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Armoiries communales en Belgique (DC 8.11.1977 - AR 8.6.1979 - MB 12.9. 1979)