Thiébaut I. vu Bar

Vu Wikipedia
Thiébaut I. vu Bar
Titelen
Zäit 1119-1214
Virgänger Henri I. vu Bar
Nofollger Henri II. vu Bar
Biographie
Gebuer 1158 jul.
Gestuerwen 13. Februar 1214 jul.
onbekannt
Bestuet mat Laurette vu Loon,
Ermesinde vu Bar-sur-Seine,
Ermesinde vu Lëtzebuerg
Papp Renaud II. vu Bar
Mamm Agnes vu Blois
Geschwëster Henri I. vu Bar, Renaud vu Bar
Kanner Henri II. vu Bar, Agnes vu Bar, Marguerite vu Bar, Agnes of Bar, Elisabeth vu Bar-Mousson

Den Thiébaut vu Bar (de: Theobald von Bar), vun deem net genee gewosst ass, wéini datt e gebuer gouf (hie war ongeféier drësseg Joer méi al war wéi seng drëtt Fra d'Ermesinde vu Lëtzebuerg), war Grof vu Bar-Mousson an, duerch säi Bestietnes (an der zweeter Hallschent vun 1197 oder an der éischter vun 1198), och Grof vu Lëtzebuerg. Hien ass 1214 gestuerwen, wéi d'Ermesinde nëmme 27 Joer al war.

D'Bedeitung vum Thiébaut, dee fréi grouss Ambitiounen am nërdleche Meuse-Raum hat, besonnesch an der Grofschaft Namouer, vun där der Ermesinde hire Papp, den Heng de Blannen († 1196), selwer Grof war, leit doran,

  1. datt en d'Grofschafte La Roche an Durbuy, souwéi och Gebidder vun der Grofschaft Namouer, déi ëstlech vun der Meuse louchen, wéi Poilvache, un d'Grofschaft Lëtzebuerg konnt uglidderen;
  2. datt en der Ermesinde d'Landgutt Marville bruecht huet an
  3. datt en duerch seng staark franséisch markéiert Bildung (woubäi säin Herrschaftsgebitt haaptsächlech am hellege réimesche Räich louch) dozou bäigedroen huet, datt westlech-romanesch Regierungsgewunnechten an Zivilisatiounselementer zu Lëtzebuerg agefouert goufen.

Den Thiébaut vu Bar an d'Ermesinde hate véier Kanner zesummen: de Renaud, d'Élisabeth-Isabelle, eng zweet Duechter an e véiert Kand. 1215 huet nëmmen d'Élisabeth nach gelieft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Goedert, La formation territoriale du pays de Luxembourg depuis les origines jusqu'au milieu du XVe siècle; Lëtzebuerg (Archives de l'État), 1963; 178 S. + 38 Annexen. - Vgl. besonnesch d'Ss. 56-70!
  • Michel Margue (ënner der Leedung vum), Ermesinde et l'affranchissement de la ville de Luxembourg - Études sur la femme, le pouvoir et la ville au XIIIe siècle; eng Publicatioun vum Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg a gläichzäiteg de Bd. 7 vun de 'Publications du CLUDEM'; Lëtzebuerg, 1994; 327 Säiten; ISBN 2-919979-04-3
  • Michel Pauly, Geschichte Luxemburgs; München (C.H. Beck, 'Wissen'-Täschebuch), 2011; 128 Säiten; ISBN 978-3-406-62225-0; Ss. 30-31.