Thomas Keith Glennan

Vu Wikipedia
Thomas Keith Glennan
Gebuer 8. September 1905
Gestuerwen 11. Abrëll 1995
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit,
Columbia University
Aktivitéit Wëssenschaftler, Diplomat, Ingenieur
Partei Republikanesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Den Thomas Keith Glennan, gebuer den 8. September 1905 zu Enderlin am North Dakota, USA, a gestuerwen den 11. Abrëll 1995 zu Mitchellville, Maryland, war tëscht August 1958 a Januar 1961 den éischten Administrateur vun der US-Raumfaartagentur NASA.

De Glennan hat säi Studium an der Elektrotechnik an der Sheffield Scientific School vun der Yale Universitéit am Joer 1927 ofgeschloss. Hie gouf Direkter vun der Electrical Research Products Company, enger Duechterentreprise vun der Western Electric. Spéider gouf hie Studiomanager bei de Paramount Pictures an hat kuerz bei der Vega Airplane Corporation geschafft. 1942 huet hie bei der Krichsfuerschung op der Columbia Universitéit matgeschafft. Fir d'éischt war hien do Administrateur, dann Direkter vun den U.S. Navy's Underwater Sound Laboratories zu New London am Connecticut. Vun 1950 bis 1952 war hien an der Atomic Energy Commission. Vun 1970 bis 1973 war hien den Nofollger vum Henry De Wolf Smyth als diplomatesche Vertrieder vun de Vereente Staate bei der Internationaler Atomenergieorganisatioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]