Théo Malget

Vu Wikipedia
Théo Malget
Gebuer 2. Mäerz 1961
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp FC Wolz 71,
Avenir Beggen,
FC Wolz 71,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Kanner Kevin Malget

Den Théo Malget, gebuer den 2. Mäerz 1961 zu Wolz, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] a Kriminellen.

Tëscht dem 27. Abrëll 1982 am 27. Oktober 1993 huet den Théo Malget a 47 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp dräi Goler geschoss[2].

Hien huet vun 1981 bis 1985 fir den FC Wolz 71 gespillt, duerno war hie vun 1985 bis 1987 beim Avenir Beggen. An der Saison 1987/88 war hie beim 1. FC 08 Birkenfeld an duerno nees vun 1988 bis 1995 beim FC Wolz 71[3].

Säi Jong Kevin ass och Foussballspiller.

Hien ass am Januar 2013 zu 5 Joer Prisong, dovun 3 mat Sursis, wéinst Bedruch, Fälschung vun Dokumenter a Verontreiung vu friemem Kapital verurteelt ginn[4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Théo Malget op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Théo Malget op der Websäit vun European Football
  3. Den Théo Malget op der Websäit vun National Football Teams
  4. Cinq ans de prison pour un ex-Roude Léiw op lessentiel.lu