Théodore Géricault

Vu Wikipedia
Théodore Géricault
Gebuertsnumm Jean-Louis André Théodore Géricault
Gebuer 26. September 1791
Rouen
Gestuerwen 26. Januar 1824
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand,
École nationale supérieure des beaux-arts,
Collège Stanislas
Aktivitéit Moler, Graphiker, Sculpteur, Bauzeechner
Le Radeau de la Méduse (1817-1818)

Den Théodore Géricault gebuer de 26. September 1791 zu Rouen a gestuerwen de 26. Januar 1824 zu Paräis war e franséische Moler a Sculpteur.

De Géricault mécht seng Léier an den Ateliere vum Pierre Guérin a vum Carle Vernet. Do léiert hien deem säi Jong, den Horace Vernet, kennen. De 5. Februar 1811 geet en op d'École des Beaux-Arts zu Paräis. No engem Echec beim Concours vum Grousse Präis vu Roum decidéiert en an Italien ze reese well hie staark vun de Renaissance–Molere beandrockt war, besonnesch vum Michelangelo, mä awer och vum Flammänner Rubens.

Am Ufank vu senger Carrière ënnerscheet hie sech vun den neoklassesche Moler aus der Schoul vum David. E moolt haaptsächlech Theemen aus dem Alldag. Als ee Spezialist fir d'mënschlecht Leiden duerzestellen gëtt hie séier een Haaptmoler vum Romantissem.

De Géricault ass zu Paräis um Kierfecht Père-Lachaise begruewen. Säi Graf, op deem hien a Bronz duergestallt ass, ass e Wierk vom Sculpteur Antoine Étex.

Molereien[änneren | Quelltext änneren]

Skulpturen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Graf um Père Lachaise.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Théodore Géricault – Biller, Videoen oder Audiodateien