Théophile Picard

Vu Wikipedia
Théophile Picard
Gebuer 4. Mäerz 1830
Gestuerwen 15. Mee 1891
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kleriker
Famill
Papp Jean-Pierre Picard

Den Théophile Léopold Picard, gebuer de 4. Mäerz 1830 zu Simmer a gestuerwen de 15. Mee 1891 zu Saint-Léger an der belscher Provënz Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.[1]

Den Théophile Picard ass am Alter vu 14 Joer an de klenge Seminär vu Baaschtnech agetratt, wou hien aacht Joer laang als brillante Schüler studéiert huet. Den 23. September 1854 ass hien zu Namur Priister geweit ginn. Duerno ass en op d'Universitéit vu Louvain weiderstudéiere gaangen, fir dräi Joer méi spéit Geschichtsprofesser am klenge Seminär zu Baaschtnesch ze ginn. Am Mee 1869 gouf hie Paschtouer vun der wichteger Notre-Dame-Par (paroisse Notre-Dame) zu Namur.[2]

Den Théophile Picard war de Fils vum Jean-Pierre Picard an de Brudder vum Lambert Picard an der Amélie Picard.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1891. Lokal-Neuigkeiten. Luxemburg, 20. Mai. Luxemburger Wort 1891, Nr. 141 (21. Mai), S. 3. [1]
  • Geneanet, 2012: Théophile Léopold Picard. [2] (Stand: 18.04.2012).
  • Hess, J., 1954. Les Picard de Septfontaines. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, 6, S. 355-372. [3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geneanet 2012, Hess 1954, S. 362.
  2. Anonym 1891.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • GeneaNet. Asbl Familiale Picard Rogier: Picard. [4]