Thérèse vu Lisieux

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thérèse vu Lisieux
Marie-Françoise Thérèse Martin
2. Januar 187330. September 1897
De Schräin mat de stierfleche Reschter an der Carmel-Kapell zu Lisieux
Detailer
Beatifikatioun 29. Abrëll 1923
Kanonisatioun 17. Mee 1925
Ënner dem Poopst Pius XI.
Gedenkdag 30. September

D'Theresia vu Lisieux oder helleg Theresia vum Kand Jesus ass eng kathoulesch Helleg, déi 1925 helleggesprach gouf.

Si gouf als Thérèse Martin den 2. Januar 1873, 12 rue Saint-Blaise zu Alençon gebuer, an ass den 30. September 1897, zu Lisieux als Karmeliterin gestuerwen. Hire Papp, de Louis Martin, war Auermécher an hir Mamm, d'Zélie-Marie Guérin, huet Spëtze geheekelt. Alle béid ware se ganz fromm Leit. Si haten néng Kanner, mä nëmme fënnef vun hinnen: Marie, Pauline, Léonie, Céline an Thérèse, goufe grouss; d'Famill huet nämlech un Tuberkulos gelidden. D'Thérèse war dat Jéngst; am Klouschter gouf si « Thérèse de l'Enfant-Jésus et de la Sainte Face ». Och hir 4 Schwëstere goungen an d'Klouschter:

  • Marie, * 22/2/1860, † 19/1/1940, Karmeliterin (Schwëster Marie du Sacré-Cœur).
  • Pauline, * 7/9/1861, † 28/7/1951, Karmeliterin (Mutter Agnès de Jésus).
  • Léonie, * 3/6/1863, † 16/6/1941,(Schwëster Françoise-Thérèse).
  • Céline,* 28/4/1869, † 25/2/1959, Karmeliterin (Schwëster Geneviève de la Sainte-Face).

Wéi d'Thérèse 4 Joer hat, ass hir Mamm zu Alençon u Kriibs gestuerwen an d'Famill ass duerno op Lisieux geplënnert. Nodeem hir eelste Schwëster an d'Klouschter agetratt war, gouf d'Thérèse schwéier krank. Si gouf no hirer Ausso op d'Interventioun vun der Notre-Dame-des-Victoires vum Doud gerett. 1896, huet si d'Tuberkulos kritt. Wéi si 1897 gestuerwen ass, hat d'Thérèse eréischt 24 Joer. Si huet eng Autobiographie hannerlooss L'Histoire d'une âme, déi si op de Rot vun hirer Schwëster an Oberin, d'"Mutter Agnès", redigéiert hat. Bei hirem Doud war si nach ganz onbekannt. Bei hirem Begriefnes waren nëmmen eppes 30 Persounen. Si gouf den 29. Abrëll 1923 vum Pius XI séileg an de 17. Mee 1925 helleggesprach. Den 19. Oktober 1997, huet de Jean-Paul II hir den Titel Docteur de l'Église zouerkannt. A sengem apostolesche Bréif Divini amoris scientia, schreift en:

« Dans les écrits de Thérèse de Lisieux, sans doute ne trouvons-nous pas, comme chez d'autres docteurs, une présentation scientifiquement organisée des choses de Dieu, mais nous pouvons y découvrir un témoignage éclairé de la foi qui, en accueillant d'un amour confiant la condescendance miséricordieuse de Dieu et le salut dans le Christ, révèle le mystère et la sainteté de l'Église. »

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Nëmmen déi rezent Publikatioune sinn hei opgezielt:

  • 1968: Abbé Jean Lafrance, Thérèse de Lisieux et sa mission pastorale, essai de pédagogie thérésienne. Paris: Éditions Desclée, De Brouwer. 295 p.
  • 1972: Guy Gaucher, La Passion de Thérèse de Lisieux: 4 avril-30 septembre 1897. Paris: Éditions du Cerf ; Éditions Desclée De Brouwer. 251 p.
  • 1995: Jean Guitton, Le génie de Thérèse de Lisieux. Paris: Éditions de l'Emmanuel. 157 p.
  • 1995: Jean-François Six, Lumière de la nuit: les dix-huit derniers mois de Thérèse de Lisieux. Paris: Éditions du Seuil. 268 p.
  • 2000: Guy Lehideux (textes) et Charlie Kieffer (dessins), Sainte Thérèse de Lisieux. Étampes: Éditions Clovis, coll. « Chemins de lumière ». 38 p. Hagiographie sous forme de bande dessinée.
  • 2002: Claude Langlois, Le désir de sacerdoce chez Thérèse de Lisieux ; suivi de Les trois vies de Thérèse au carmel. Paris: Éditions Salvator, coll. « Pierres d'angle ». 230 p. + 4 p. de planches.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Säit vum Schräin vun der Thérèse vu Lisieux


Commons: Thérèse vu Lisieux – Biller, Videoen oder Audiodateien