Tierteg (Stoff)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tiirteg (Stoff))

Den Numm Tierteg kënnt vum franséischen tiretaine. Et ass eng graff Zort Stoff, deen zu 50% aus Woll a 50% aus Léngent gewieft gouf. Doduerch ass eng zolidd Qualitéit entstanen déi gutt waarm gehalen huet. Déi selwecht Mëschung ass och a Schottland gebraucht gi fir den Tartan ze wiewen, wouraus de Kilt gebutt gëtt.

Tierteg ass ënner anerem vill zu Esch-Sauer produzéiert gi fir graff Schaffboxen (net ze verwiessele mat de Fielsser Zäicheboxen) ze maachen, quasi de Virleefer vun den Jeans.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]