Op den Inhalt sprangen

Tisza

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tisa)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Tisza. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Tisza (Homonymie).
Tisza
Längt 966 km
Debit 796 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 153.200 km²
Leeft an Donau
Haaptnieweflëss Túr

D'Tisza, oder Tisa an anere Sproochversiounen, ass e gréissere Floss a Mëtteleuropa. Mat 966 Kilometer ass et dee längsten Niewefloss vun der Donau. En huet fréier als "deen ungareschste Floss" gegollt, well e ganz bannent dem Territoire vum Kinnekräich Ungarn gelaf ass. Mat de Grenze vun haut leeft en duerch eng Rëtsch Nopeschlänner vun Ungarn.

D'Tisza huet hiren Ursprong an de Karpaten bei Rachiw an der Ukrain, beim Zesummefloss vun der Wäisser Tisa an der Schwaarzer Tisa. Vun do u leeft se no Westen, méi oder manner laanscht d'ukrainesch Grenz mat Rumänien a mat Ungarn. Da mécht se kuerz d'Grenz tëscht der Slowakei an Ungarn, ier se zu Tiszabecs an Ungarn eraleeft, an dann do, an engem liichte Bou, vun Norden no Süde queesch derduerch leeft. E puer Kilometer südlech vu Szeged leeft s'a Serbien eran, wou se beim Duerf Stari Slankamen an der Vojvodina, ënnerzeg vun Novi Sad, an d'Donau mënt.

D'Tisza huet e Baseng vun 156,087 km². Am Duerchschnëtt schëtt s'ëm déi 800 bis 1000 m³/s Waasser an d'Donau, wat ongeféier 13 % vun der Donau hiren Zouleef ausmécht.

An der Puszta, am Komitat Heves, gëtt se zanter den 1970er Joren zu engem Séi mat enger Fläch vun 127 km² gestaut.

An anere Sprooche gëtt de Floss Theiß (Däitsch), Tibisco (Italieenesch), oder (vereelzt) Tibisque (Franséisch) genannt, ma virun allem och, an de Länner duerch déi se leeft, Тиса (Ukrainesch a Serbesch) an Tisa (Rumänesch a Slowakesch).

 Commons: Tisza – Biller, Videoen oder Audiodateien