Tom Battin

Vu Wikipedia
Tom Battin
Gebuer 30. Juni 1966
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Biolog, Fuerscher

Den Tom Battin, gebuer den 30. Juni 1966 zu Esch-Uelzecht,[1] ass e lëtzebuergesche Biolog, deen an Éisträich an der Fuerschung iwwer d'Ekologie vun de Baachen a Flëss schafft.

2008 gouf hie mam prestigiéise Start-Präis fir jonk Fuerscher an Éisträich ausgezeechent.

Wëssenschaftlech Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Dem Tom Battin säi Fuerschungsgebitt sinn d'Ekosystemer vun de Fléissgewässer, am besonneschen d'Zersetzung vun organesche Substanzen am Waasser duerch mikrobiell Organismen (virun allem Bakteerien a Pilzen).

D'Fuerschergrupp déi hien am Fuerschungszenter zu Lunz am See leet, huet et als éischt fäerdegbruecht, den Ausstouss vu Kuelendioxid (CO2) vun de Fléissgewässer ze moossen a weltwäit ze chiffréieren.

Dobäi koum eraus, datt d'Fléissgewässer, zesumme mat de Stehgewässer (Dëmpelen, Weieren a Séien) bedeitend méi Kuelendioxid ausstousse wéi dat bis elo ugeholl gouf, nämlech 1,3-2 Gigatonne weltwäit pro Joer. Zum Vergläich: beim Verbrenne vu fossille Brennstoffer (Kuelen, Pëtrol, Gas an Holz) gi weltwäit eng geschate 6-8 Gigatonnen CO2 an d'Atmosphär ausgestouss.

Déi ganz natierlech CO2-Produktioun duerch d'Séisswaasser-Ekosystemer muss also bei de weltwäiten CO2-Ausstouss derbäigerechent ginn, wat wichteg ass fir d'Klimaverännerung duerch d'Zouhuele vum CO2 an der Atmosphär besser ze verstoen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Escher Jongelycée huet den Tom Battin Zoologie an Éisträich studéiert, wou hien 1998 op der Universitéit zu Wien mat engem Doktorat an der Ekologie ofgeschloss huet.

2004 huet hie seng Habilitatioun an der aquatescher Ekologie gemaach. Duerno huet hien an der Fuerschung an den USA an a Spuenie geschafft.

2005 gouf hien Assistent op der Universitéit Wien am Departement Limnologie an Hydrobotanik. Am selwechte Joer huet hien d'Leedung vun enger Fuerschergrupp am biologeschen Institut zu Lunz am See (Wasser Cluster Lunz, och nach WasserKluster Lunz) iwwerholl.

2008 huet den Tom Battin de prestigiéise Start-Präis kritt, mat deem jonk Fuerscher an Éisträich ausgezeechent ginn. Zum Präis gehéiert eng Zomm vun 1,2 Milliounen Euro, verdeelt op sechs Joer, fir e Fuerschungsprojet ze finanzéieren, an dësem Fall e Projet mam Titel: Architektur von Kohlenstoffflüssen in Bächen und Flüssen.

Den Tom Battin ass Papp vun zwee Kanner.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Tom Battin - der Luxemburger Ökologe und Start-Preisträger im Gespräch. Tageblatt, 2008, Nr. 24, 29. Januar 2009, S. 16.
  • Websäit vum Tom Battin op der Uni Wien (cf. Link hei drënner).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Tom Battin wurde am 30. Juni 1966 in Esch-sur-Alzette (Luxemburg) geboren", derstandard.at vum 10. November 2008 (gelies de 14. November 2011)