Op den Inhalt sprangen

Tomislav Nikolić

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tomislav Nikolic)
Tomislav Nikolić
Funktioun
5. President vu Serbien
31. Mee 2012 - 31. Mee 2017
Virgänger Slavica Đukić Dejanović
Nofollger Aleksandar Vučić
Partei Onofhängeg
Biographie
Gebuer 15. Februar 1952
Kragujevac
Nationalitéit Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Bundesrepublik Jugoslawien, Serbien a Montenegro, Serbien
Gielercher Frëndschaftsuerden, Grand-croix vum Erléiser-Uerden, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique
Bestuet mat Dragica Nikolić

Den Tomislav Nikolić (serbesch-kyrillesch: Томислав Николић), gebuer de 15. Februar 1952, ass e serbesche Politiker an war vum 31. Mee 2012 bis den 31. Mee 2017 President vu Serbien.

Hie war Grënner vun der Serbescher Progressiver Partei an hire fréiere President. Virdru war hie laang Deputéierten am serbesche Parlament fir d'Serbesch Radikal Partei (SRS). Vun 1998 bis 1999 war hie Premierminister a vun 1999 bis 2000 Vizepremierminister vun der Federaler Republik Jugoslawien. Vun 2003 bis 2008 war hie Fraktiounschef vun der Radikaler Partei am Parlament, an 2007 Parlamentsresident. 2008 ass hien am Sträit iwwer d'Positiounéierung vis-à-vis vun der EU mam Parteichef Vojislav Šešelj zeréckgetrueden (de Šešelj war géint e Bäitrëtt vu Serbien, den Nikolić dofir). Doropshin huet den Nikolić dann, mat aneren 'Dissidenten' d'Serbesch Progressiv Partei gegrënnt.

 Commons: Tomislav Nikolić – Biller, Videoen oder Audiodateien