Op den Inhalt sprangen

Tommy Kontz

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tommy Kontz
Gebuer 14. November 1943
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Juni 2025
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftsmann

Den Arnold Thomas Kontz, genannt Tommy Kontz, gebuer de 14. November 1943 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 5. Juni 2025[2], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann.

Hien huet zu Grenobel Betribswirtschaft studéiert a méi spéit nach eng Ausbildung als Mecanicien gemaach. 1968 huet hien ugefaangen am Familljebetrib ze schaffen, deen 1917 vu sengem Grousspapp gegrënnt gi war. 1989 huet hien d'Leedung vum Grupp Arnold Kontz iwwerholl.

Arnold Kontz huet uganks Vëloe verkaaft, duerno och Autoe vu verschiddene Marken (ë. a. BMW, Rover, Land Rover, MINI a Jaguar).

Den Tommy Kontz war bestuet; d'Koppel krut zwee Kanner.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. KONTZ Arnold Thomas, A25675 am Handelsregëster
  2. Tommy Kontz ist verstorben. Luxemburger Wort (06.06.2025). Gekuckt de 06.06.2025.