Ton Koopman

Vu Wikipedia
Ton Koopman
Gebuer 2. Oktober 1944
Zwolle
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Dirigent, Chouerdirigent, Organist, Cembalist, Pianist, Komponist, Musikolog, Universitéitsprofesser, Museker, Lidderschreiwer
Member vun Gebroeders Ko

Den Ton Koopman, gebuer den 2. Oktober 1944 zu Zwolle an Holland ass en hollänneschen Dirigent, Organist an Cembalist.

De Koopman huet Musikologie zu Amsterdam studéiert. 1979 huet en den Amsterdam Baroque Orchestra gegrënnt, an 1992 den Amsterdam Baroque Choir. De Koopman këmmert sech haaptsächlech ëm Barockmusek an ass e strikte Verdeedeger vun der historescher Opféierungspraxis.

Den "Exklusivvertrag"[änneren | Quelltext änneren]

Am September 1993 hat den Ton Koopman en Exklusivvertrag mat Warner Music International ofgeschloss, deen him sollt garantéieren, dem Bach säi ganzt Uergelwierk op TELDEC a seng sämtlech Kantaten op ERATO anzespillen. Tëscht 1995 an dem Juli 1999 gouf d'Uergelweirk agespillt. Zum Ofschloss vun der Kantateneditioun mam Amsterdam Baroque Orchestra & Choir bei Warner ass net méi komm, well Warner aus Käschtegrënn de Vertrag gekënnegt huet. Zanter dem Januar 2003 ass nees garantéiert, datt déi Kantaten, déi nach feele vun engem gewëssen Antoine Marchand (!) beim hollännesche Plackelabel Challenge Classics op CD wäerten erauskommen. Och déi al Kantatenopname kommen nach bei Challeng eraus, soudatt 2006 dem Koopman/Marchand seng Editioun komplett ze kréien ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ton Koopman – Biller, Videoen oder Audiodateien