Op den Inhalt sprangen

Tornado vu Péiteng

Vu Wikipedia

Den Tornado vu Péiteng war e Wierbelstuerm, deen den Owend vum 9. August 2019 iwwert dat franséisch-lëtzebuergescht Grenzgebitt gezunn ass.

No Aschätzunge vum Schuedbild huet den Tornado Wandspëtzte vun 241 km/h erreecht[1], wat enger Stäerkt vun F2 op der Fujita-Skala oder T5 op der TORRO-Skala entsprécht.

Well de Wierbelstuerm iwwer dicht besidelt Gebidder gezunn ass, gouf et grouss Materialschied op béide Säite vun der Grenz an op der lëtzebuergescher Säit deels schwéier Blesséierter.[2]

Den Tornado huet tëscht 10 a 15 Minutte gedauert an huet dobäi eng Streck vun ca. 18 bis 20 km zeréckgeluecht. D'Schneis hat eng Breet vun duerchschnëttlech 350 m, mä huet plazeweis souguer eng Breet vu 750 m erreecht.

Nodeems de Wolléckerüssel bei der franséischer Uertschaft Lexy fir d'éischt de Buedem erreecht huet, ass en a Richtung Nordoste weidergezunn an ass bei Rodange op lëtzebuergescht Gebitt komm. Vu Péiteng un huet en du seng stäerkst Intensitéit entwéckelt, an et huet sech e Multivortex entwéckelt, e Wierbelstuerm, deen aus méi Eenzelwierbele besteet, déi rondrëm ee gemeinsamen Zentrum kreesen. Dëst huet och derzou gefouert datt d'Schneis op bis zu 750 m breet gouf.

Hanner Nidderkäerjeng hu sech d'Wierbele schlussendlech opgeléist[3][4].

Betraffen Uertschaften

[änneren | Quelltext änneren]
Land Gemeng Uertschaft
Frankräich Lexy Lexy
Frankräich Longwy Longwy
Frankräich Herserange Herserange
Frankräich Longlaville Longlaville
Frankräich Saulnes Saulnes
Lëtzebuerg Péiteng Rodange
Lëtzebuerg Péiteng Rolleng
Lëtzebuerg Péiteng Péiteng
Lëtzebuerg Käerjeng Nidderkäerjeng

MeteoLux huet eng Warnung vum Niveau Giel ("Danger potentiel") erausginn. Et goufen Donnerwiederen tëscht 17 an 21 Auer owes gemellt, mat staarkem Wand, vill Reen a Knëppelsteng.

MeteoLux setzt d'Wiederwarnung vum Niveau Giel op Orange ("Danger") erop[5].

Éischt Blëtzaktivitéit gëtt südlech vu Sugny an de franséischen Ardenne registréiert. D'Donnerwieder ass ongeféier um hallwe Wee tëscht Reims a Verdun a beweegt sech a Richtung Nordosten.[6].

Déi éischt Rotatioun gouf an der Donnerwiederzell registréiert[7]. D'Donnerwieder huet sech mëttlerweil zur Superzell entwéckelt an ass kuerz virun der Lëtzebuerger Grenz.

Den Tornado entsteet an de Wierbel beréiert de Buedem.

Den Tornado léist sech op.

MeteoLux hieft d'Warnstuf Orange op.

De Staatsminister Xavier Bettel rifft eng Krisenzell an. Déi besteet ënner anerem aus dem Inneministère, dem CGDIS, der Police, der Arméi, der CREOS an dem staatleche Wiederdéngscht MeteoLux.

Se kënnt ënner der Presidence vum Minister Dan Kersch, als Vertrieder vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen.

19 Persoune goufe beim Tornado blesséiert, dovun zwou schwéier.

De Materialschued beleeft sech Schätzungen no op ronn 100 Milliounen Euro[8].

Am Ganze goufe Schied un 314 Gebaier op lëtzebuergescher Säit verbucht[9]. Et goufe gréisstendeels Daachzille lassgerappt oder d'Diech komplett ofgedeckt. Des Weideren huet sech wéinst den enorme Wandvitessen eng Projektilwollek gebilt, wouduerch Trümmer a Fassade stieche bliwwe sinn.

Sou goufen zu Péiteng ronn 30 Haiser komplett ofgedeckt, a bei weidere 50 goufen d'Diech schwéier beschiedegt. Zu Nidderkäerjeng goufen iwwer 100 Haiser beschiedegt, dovunr eng 30 mat Schied um Daach.

Beem goufen entwuerzelt, a Stroummasten ëmgeknéckt.

Autoen a Camionettë goufen ëmgehäit an deplacéiert oder duerch Géigestänn, déi fortgeblosen oder ofgerappt goufen, beschiedegt. Den Zuchverkéier tëscht Péiteng an der Stad huet missen ënnerbrach ginn.

Iwwer 200 Pompjeeën a Leit vun de Rettungsdéngschter, a ronn 40 Polizisten waren direkt dono am Asaz. Den 112 krut eng Dausend Uriff dowéinst[10].

National Press

[änneren | Quelltext änneren]

International Press

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. report final TORNADO IN SOUTH-WESTERN LUXEMBOURG ON 9 AUGUST 2019
  2. Des dégâts matériels après la tornade sur le bassin de Longwy
  3. Tornade à Longwy (Meurthe-et-Moselle) et à Bascharage (Grand-Duché du Luxembourg) le 9 août 2019 - Tornade EF2 en région Grand Est - Tornade F2 en France
  4. report final
  5. (de) Starke Gewitter im Anzug: Meteolux erhöht Warnstufe. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (09.08.2019) Archivéiert de 05.06.2021. Gekuckt de 05.06.2021.
  6. (de) Belgien, Blitz vom 09.08.2019, 16:05:27 Uhr (starker Knaller). Kachelmannwetter - Jetzt Lesezeichen setzen. Gekuckt de 05.06.2021.
  7. (de) RadarHD-Stormtracking vom 09.08.2019, 17:35 Uhr - Meuse. Kachelmannwetter - Jetzt Lesezeichen setzen. Gekuckt de 05.06.2021.
  8. (de) Nach Tornado: 100 Millionen Euro Schaden. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (14.08.2019) Archivéiert de 05.06.2021. Gekuckt de 05.06.2021.
  9. (fr) Tornade ayant frappé les communes de Käerjeng et Pétange le 9 août 2019. 112.public.lu. Gekuckt de 05.06.2021.
  10. "Erst Panik, dann Ratlosigkeit." wort.lu, 10/08.2019.