Tous les matins du monde
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Frankräich |
| Produktiounsjoer | 1991 |
| Première | 18. Dezember 1991 |
| Dauer | 115 min |
| Faarf | Faarweg |
| Originalsprooch | Franséisch |
| Ekipp | |
| Regie | Alain Corneau |
| Dréibuch |
Alain Corneau Pascal Quignard |
| Fotografie | Yves Angelo |
| Musek | Jordi Savall |
| Schnëtt | Marie-Josèphe Yoyotte |
| Costumedesign | Corinne Jorry |
| Produzent | Jean-Louis Livi |
| Produktiouns- gesellschaft |
Film Par Film DD Productions Divali Films SEDIF FR3 Films Production |
| Schauspiller | |
|
Jean-Pierre Marielle als Monsieur de Sainte-Colombe Gérard Depardieu als Marin Marais Anne Brochet als Madeleine Guillaume Depardieu als Marin Marais (jonk) Michel Bouquet als Baugin Carole Richert als Toinette Jean-Claude Dreyfus als Abbé Mathieu | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Tous les matins du monde ass e franséische Film vum Alain Corneau aus dem Joer 1991 mam Jean-Pierre Marielle a mam Gérard Depardieu an den Haaptrollen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Komponist Marin Marais (* 1656 zu Paräis) erënnert sech u seng Jugend. En denkt u säi Léiermeeschter, de Monsieur de Sainte-Colombe, deen him d'Spill op der Viole de Gambe bäibruecht huet. . Awer och seng Relatioune mat dem Madeleine an dem Toinette, de Meedercher vum Monsieur de Sainte-Colombe, kommen him an Erënnerung, besonnesch dat tragescht Schicksal vum Madeleine.
Markant Zeenen aus dem Film
[änneren | Quelltext änneren]- Den Ufank vum Film: Eng Groussopnam, déi sechs Minutten dauert, vum Marin Marais (Gérard Depardieu) sengem vum Alter gezeechente Gesiicht.
- Déi onheemlech tragesch lescht Renconter vum Madeleine de Sainte-Colombe mat dem Marin Marais.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]De Jordi Savall huet d'Musek vum Film deelweis selwer geschriwwen oder arrangéiert. Hien huet awer och Originalmusek aus der Zäit vum Marin Marais an de Film agebaut.
- Museksstécker aus dem Film:
- Une jeune fillette: Vollekslidd arrangéiert vum Jordi Savall
- Prélude pour Mr Vauquelin vum Jordi Savall
- Troisième Leçon de Ténèbres à 2 voix vum François Couperin
- Marche pour la cérémonie des Turcs vum Jean-Baptiste Lully
- le Badinage, la Rêveuse, l'Arabesque, Improvisations sur les Folies d'Espagne, Tombeau pour Mr de Sainte Colombe!, Muzette I a II, a Sonnerie de Sainte Geneviève du Mont-de-Paris vum Marin Marais
- les Pleurs, Le Retour Gavotte du Tendre, Concert à deux Violes vum Jean de Sainte-Colombe
Ausser dem Ensembel Le Concert des Nations hunn am Film follgend Instrumentalsoliste matgwierkt: Jordi Savall, Fabio Bondi, Rolf Lislevand, Pierre Hantaï a Jérôme Hantaï.
Gesank: Montserrat Figueras a Marie-Christine Kiehr
Monsieur de Sainte-Colombe
[änneren | Quelltext änneren]De Sainte-Colombe gëtt Monsieur de Sainte–Colombe genannt, well säi Virnumn net méi bekannt ass.
