Tower Bridge

Vu Wikipedia
Tower Bridge
Geographie
Land Vereenegt Kinnekräich
Plaz London
Koordinaten 51° 30’ 20’’ N
      0° 04’ 32’’ W
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Foussgängerpasserelle
Benotzt vun A100
Féiert iwwer Thames
Technesch Detailer
Bréckentyp Hänkbréck
Klappbréck
Totallängt 286,50 m
Längt tëscht Widderlager 253 m
Gréisst Iwwerspanung 79 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 82,30 - 60,96 - 82,30
Breet 18,30 m
Héicht 65 m
Material Stol
Mauerwierk aus Granit a Portlandsteen
Bemierkungen
Opgaangen 30. Juni 1894
Architekt(en)
Konzeptioun
Horace Jones
John Wolfe Barry
Entreprener Sir William Arrol & Co
William George Armstrong

D'Tower Bridge ass eng Stroossebréck iwwer de Floss Themse zu London, déi nom Tower of London nobäi genannt ass. Se gouf 1894 a Betrib geholl a verbënnt de Quartier Tower Hamlets op der Nordsäit mam Quartier Southwark am Bezierk London Borough of Southwark op der Südsäit. D'Haaptstrooss A 100 geet iwwer d'Bréck. Eng 40.000 Gefierer fueren all Dag driwwer.

D'Tower Bridge ass eng 286,50 Meter laang kombinéiert Hänk- an Hiefklappbréck am viktorianesch - neigotesche Stil an déi ëstlechst Themsebréck vu London. Déi zwéi Bréckentierm si 65 Meter héich a leien 61 Meter vuneneen ewech. An enger Héicht vun 43 m iwwer der Fuerbunn sinn zwou Foussgängerpasserellen, déi déi zwéin Tierm uewen zesummespanen an déi horizontal Zuchkräften un d'Drokette vun den Hänkbrécke viruleeden. Déi zwéi Plateaue vum ënneschten Tablier kënnen an engem Wénkel vu 86 Grad eropgeklappt ginn.

Um Norduwänner leien den Tower of London an d'St Katharine Docks, op der Südsäit d'City Hall.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tower Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien