Trëtterbaach

Vu Wikipedia
Trëtterbaach
D'Trëtterbaach zu Saassel
Längt 17,5 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummelaf
Plaz Vielle Haie
Bourcy
Héicht 490 m
Koordinaten 50° 03’ 43.57’’ N
      05° 50’ 38.08’’ O
Konfluenz
Leeft an Wolz
Plaz An Daien
Aasselbuer
Héicht 383,5 m
Koordinaten 50° 05’ 52.30’’ N
      06° 00’ 25,30’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch

D'Trëtterbaach ass eng Baach am Nord-Weste vum Éislek. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou Baachen an der Belsch ongeféier 2.5 km vun Tratten a knapps e Kilometer virun der lëtzebuergescher Grenz op enger Héicht vu 490 m (ING Belsch).

Déi zwou aner Baache sinn:

  • La Woltz déi aus 4 Quellen am Bois du Maister am Oste vu Bourcy entsteet an no der Vielle Haie mat dem Ruisseau de Monfoi zesummeleeft.
  • De Ruisseau de Monfoi deen aus 2 Quellen just nieft der Eisebunnslinn Libramont-Gouvy-St.Vith, entsteet an da weider no Osten, duerch de Gros Bois an den Étang de Madar (18 a) bis op den Zesummefloss mat der Woltz leeft. Den Étang de Madar ass en Deel vu méi enger grousser Supp (1.2 ha) tëscht dem Gros Bois an dem Bësch deen Aux deux Hêtres heescht.

Ronn 100 m nërdlech vun der Grenzmaark LB258 leeft s'an d'Lëtzebuerger Land fir gläich duerno hir éischt Niewebaach vu riets ze kréien, d'Habich déi vun Hannerhaassel kënnt.

Si leeft da laanscht oder duerch:

  • Tratten, wou se ënner dem CR332 erduerch leeft. Zu Tratten huet se fréier zwou Millen ugedriwwen, eng Bannmillen déi een haut net méi gesäit, an d'Stranen-Mille vun där nach d'Gebai ze gesinn ass.
  • Neimillen, tëscht Houfelt an dem Antoniushaff an der Gemeng Wëntger
  • Leeresmillen, déi hautdesdaags e Bauerenhaff ass.
  • Aasselbuerer Millen
  • Op hirem Wee bis op Saassel huet se dann nach d'Follmillen, d'Almillen, an d'Schläifmille mat Waasser beliwwert, an zu Saassel selwer déi Saasseler Bannmillen.
  • Ongeféier 1 km virun der Bockmillen fléisst se dann an d'Wolz. Si ass 17,5 km laang, dovun 1 km an der Belsch.

Den Dall vun der Trëtterbaach gehéiert zum europäeschen Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.

Chaînage[änneren | Quelltext änneren]

Baseng Niewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3 Rang 4 Rang 5 Rang 6 Rang 7 Rang 8 Rang 9
Rhäin Musel Sauer Wolz[1] Klierf Wolz[2] Trëtterbaach Baach
Nidderbaach
Fueschbech
Kuebener
Éimeschbaach Pesch
Houfelter Kanal (Q [3]) Kalburen
Helzenerbaach (Q [3]) Wolsburen
Huelburen
Fennbaach
Deddelburen
Sporbech
Falbich
Brakelbaach
Ramescherbaach
Osterburen
Habich

Renaturéierung op der Leeresmillen[änneren | Quelltext änneren]

D'Trëtterbaach bei der Aasselbuerer Millen
D'Trëtterbaach am Summer 2013, bal op der selwechter Plaz

Am September 2016 gouf de Laf vun der Trëtterbaach flossof vun der Leeresmille renaturéiert. Et gouf en neit, naturnot Baachbett mat Meanderen ausgebaggert, fir dat aalt, kënschtlecht Bett a Kanalform z'ersetzen.[4] Op der renaturéierter Streck gouf d'Baachbett vun 310 op 460 Meter verlängert. Bei Héichwaasser ginn d'Wisen op béide Säite vun der Baach iwwerschwemmt an doduerch entsteet e Fiichtgebitt dat geschützt Planzen an Déieren, wéi z. B. dem Wisepanewippchen, en neie Liewensraum offréiert.[4]

Bis virum Summer 2017 soll den Éislek Trail ëm dräi Kilometer verlängert gi fir e laanscht dat neit Fiichtgebitt bei der Leeresmillen ze féieren, wou een dann op Panneauen Informatiounen iwwer de Renaturéierungsprojet an deen 'neie' Liewenraum kritt.[4]

De Renaturéierungsprojet op der Leeresmille gëtt vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt, där d'Terraine gehéieren, am Kader vum Projet Life-Éislek realiséiert.[4],[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trëtterbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Niewefloss vun der Sauer
  2. Niewefloss vun der Klierf
  3. 3,0 3,1 Quellbaach
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Lamberty, J., 2016. Zurückschlängeln zur Natur. "Trëtterbaach" an der Lehresmühle soll dank Renaturierung bald wieder schlängeln wie früher. Luxemburger Wort vum 14. September 2016, S. 29.
  5. Déi sougenannt Life Projete ginn zu 90% vum Ëmweltministère a vun der Europäescher Unioun co-finanzéiert.