Op den Inhalt sprangen

Trần Đức Lương

Vu Wikipedia
Trần Đức Lương
Gebuer 5. Mee 1937
Provënz Quảng Ngãi
Gestuerwen 20. Mee 2025
Hanoi
Nationalitéit Vietnam
Educatioun Hanoi University of Mining and Geology
Aktivitéit Politiker, Kartograph
Droits d'auteur Wierker sinn duerch Droits d'auteur geschützt
Partei Kommunistesch Partei
Fonctioun President vum Vietnam, Vizepremierminister
Gielercher Gëllene Stär, Frëndschaftsuerden
Famill
Kanner Trần Tuấn Anh

Den Trần Đức Lương, gebuer de 5. Mee 1937 an der Provënz Quảng Ngãi, a gestuerwen den 20. Mee 2025 zu Hanoi[1], war e vietnameesesche Politiker a vun 1997 bis 2006 President vum Vietnam.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet zu Hanoi Geologie studéiert an als Kartograph geschafft. 1959 gouf hie Member vun der Kommunistescher Partei vum Vietnam a gouf an den 1970er-Joere Parteifonctionnaire. 1987 gouf hien Delegéierte Premierminister. Zanter 1996 war hie Member vum Politbüro, 1997 gouf hien zum President vum Land gewielt. Hie blouf dat, bis en de 27. Juni 2006 vum Nguyễn Minh Triết ofgeléist gouf.

Den Trần Đức Lương ass am Mee 2025 am Alter vun 88 Joer zu Hanoi gestuerwen.

 Commons: Trần Đức Lương – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Báo Bắc Giang: Der ehemalige Präsident Tran Duc Luong ist gestorben. vietnam.vn, 2025-05-21.