Traité vun Oochen (1668)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Traité vun Oochen vu 1668. Fir aner Traitéen, déi do ënnerschriwwe goufen, kuckt wgl. Traité vun Oochen.
Territoiren, déi am Devolutiounskrich eruewert goufen, an déi Frankräich ness huet missen oftrieden (gro).
Erënnerungsmolerei un de Fridde vun Oochen am Spigelsall vu Versailles.
De Louis XIV. gëtt Europa de Fridde vun oochen (Ausschnëtt, Charles Le Brun)

Den Traité vun Oochen (och: Friddensvertrag vun Oochen oder Éischte Friddensvertrag vun Oochen) war en Traité, deen den 2. Mee 1668 zu Oochen (fr.: Aix-la-Chapelle) ofgeschloss gouf, a mat deem den Devolutiounskrich tëscht Frankräich a Spuenien op en Enn bruecht gouf. E war duerch d'Tripelallianz vun England, der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen a Schweden vermëttelt ginn.

De franséische Kinnek Louis XIV. huet virun allem missen d'Franche-Comté, déi e grad eruewert hat, u Spuenien zréckginn. Hien huet awer dierfen eng ganz Rëtsch befestegt Stied an de Spueneschen Nidderlande behalen.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Friddensverhandlungen hunn de 25. Abrëll 1668 zu Oochen ugefaangen. Spuenien huet missen agesinn, datt et vun der Tripel-Entente net vill z'erwaarden hat, huet schlussendlech der Propos déi um Dësch louch, noginn, an dem Traité zougestëmmt

Inhalt[änneren | Quelltext änneren]

Nom Artikel 3 dierf Frankräich déi eruewert Stied an der Grofschaft Hainaut, déi et dat viregt Joer eruewert hat, behalen: Charleroi, Binche, Ath, Douai mam Fort Scarpe, Tournai, Oudenaarde, Lille, Armentières, Courtrai, Menin, Bergues a Furnes.

Nom Artikel 5 goung d'Franche-Comté hannescht u Spuenien. Déi franséisch Truppen hu sech missen aus dem Rescht vun de Spueneschen Nidderlanden zeréckzéien.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Well déi zwielef befestegt Stied franséisch Enklaven an de Spueneschen Nidderlande waren, war et fir Spuenien ewell méi schwéier, dës ze verdeedegen. Fir de Louis war den Oochener Fridde just e Provisorium, goung et ëm dach drëms, och de Rescht vun den Spueneschen Nidderlanden z'erueweren. Och méich dat et him méi einfach, fir géint d'Vereent Nidderlännesch Provënze virzegoen. D'Tripel-Entente déi de Fridde garantéiere soll, ass schonns dat Joer drop ausenreegebrach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hasse: Aachner Friedensschlüsse 1). In: Johann Samuel Ersch, Johann Gottfried Gruber (Hrsg.): Allgemeine Encyclopädie der Wissenschaften und Künste. 1. Sektion, 1. Bd. (1818), S. 10.
  • Christa Mack: Aachener Friede, 2. Mai 1668. In: Gerhard Taddey (Hrsg.): Lexikon der deutschen Geschichte. Ereignisse, Institutionen, Personen. Von den Anfängen bis zur Kapitulation 1945. 3., überarbeitete Auflage. Kröner, Stuttgart 1998, ISBN 3-520-81303-3, S. 1.