Tram vu Léck

Vu Wikipedia
Lécker Tram bei der aler Gare des Guillemins
Chevaline 132 am Tramsmusée zu Léck

Den Tram vu Léck war en ëffentlecht Transportmëttel op Schinnen zu Léck dat vun 1871 bis 1964 a Betrib war.

Den 1. August 1871 huet d'Stad Léck der Compagnie des Chemins de Fers Americains Liégeois eng Autorisatioun ginn, fir Trammen z'exploitéieren déi vu Päerd gezu goufen. Eng Demande vun 1854 war refuséiert ginn, wat Léck ëm den Titel vun der éischter belscher Stad mat Tram bruecht hat.

Déi éischt Linn gouf op der Streck Guillemins, Boulevard d'Avroy, Boulevard Piercot, Place Saint-Lambert, Place du Marché, Féronstrée, Saint Léonard, Coronmeuse, installéiéert. Déi zweet Linn, hat de selwechte Wee bis op d'Héicht vum Pont de la Boverie, wou se sech an Direktioun vun der Gare du Longdoz ofgespléckt huet.

Am Ufank goufen d'Tramme vun zwee Päerd gezunn, déi awer geschwënn duerch nëmmen eent, awer méi zolidd Ardennerpäerd ersat goufen. Déi héich Präisser am Ufank vun der Exploitatioun hu mat sech bruecht datt den Tram net sou an där Mooss benotzt gouf, wéi den Exploitant sech dat gewënscht hat, an d'Frequenz vun de Passage gouf séier op e de Minimum vun enger pro Stonn reduzéiert.[1]

Et huet bis 1880 gedauert, bis datt den Tram fir déi Lécker eng Gewunnecht gouf, de Präis vum Billjee goung erof an et koum eng nei Linn dobäi. Nodeem déi lescht suppeg Äerm vun der Meuse am Quartier Outremeuse zougeschott gi waren, hunn zwéin Industrieller, een dovu war de Frédéric Nyst, d'Tramslinnen Est-Ouest gebaut, déi hiren Depart op der Statioun Haut-Pré haten. Déi éischt vun deene Linnen huet vun Ans op de Cornillon gefouert. No an no koumen aner Linnen derbäi, an de Personalstand grad sou wéi de Park vun de Gefierer goung staark an d'Luucht. Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf den Tram elektrifizéiert.

1967 ass de leschten Tram zu Léck gefuer.

Neien Tram[änneren | Quelltext änneren]

No laangem hin an hier, goufen d'Aarbechte fir déi nei Tramslinnen zu Léck am Mee 2019 ugefaangen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dat war de Minimum deen am Kontrakt mat der Stad Léck virgesi war.