Transiting planets and planetesimals small telescope-South

Vu Wikipedia
Den TRAPPIST-Teleskop a senger Kuppel am ESO-La Silla-Observatoire
Den TRAPPIST

Den Transiting Planets and Planetesimals Small Telescope–South (TRAPPIST-South) ass e belschen optesche robotiséierten Teleskop, deen 2010 seng éischt Biller geliwwert huet. E steet am La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire am Chile. Mam TRAPPIST gouf den TRAPPIST-1 a säi Planéitesystem entdeckt. Den Teleskop ass e vun den zwéin Teleskope vum kollektive Projet TRAPPIST vun der Universitéit Léck an der Belsch, vum Schwäizer Observatoire vu Genf a vum Observatoire vun Oukaïmeden am Marokko. Et gëtt vu Léck aus kontrolléiert.

De Koméit ISON gouf vum TRAPPIST fotograféiert, ier hie sech e puer Deeg duerno opgeléist huet.
Eng éischt Foto vum Tarantelniwwel, opgeholl vum TRAPPIST am Joer 2010.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Transiting planets and planetesimals small telescope-South – Biller, Videoen oder Audiodateien