Transmission voie-machine

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Transmission voie-machine och Transmission Voie Machine[1] ass en Zuchsécherungs- a Signalsystem deen an den 1970 er Jore vun der franséischer Firma CSEE entwéckelt gouf an deen op Héichvitessestrecken a Frankräich, an der Belsch a Grousbritannien an a Südkorea agesat gëtt, souwéi a China op klassesche Strecken. En iwwerdréit Informatiounen iwwer d'Streck (héchst zougeloosse Vitesse, Pantograph erop- oder eroffueren, etc.) vum Gleis an d'Kabinn vum Zuch.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Et ginn zwou verschidde Versioune vum TVM, den TVM 300 an den TVM 430.

Den TVM 300 ka bis zu enger Linnevitesse vun 300 km/h op enger Linn agesat ginn, während den TVM 430 bei Vitessen iwwer 300 km/h agesat gëtt. Béid Versioune baséieren um Prinzip vun de kodéierte Gleisstroumkreeser. Dobäi gëtt um Enn vun all Blockabschnitt eng Wiesselspannung a béid Schinnen agespeist, déi fir déi genotzten Trägerfrequenzen elektresch isoléiert sinn. D'Trägerfrequenze vun 1700, 2000, 2300 an 2600 Hz, ofhängeg vu Gleis a Blockabschnitt, gi mat 10,3 bis 29 Hz frequenzmoduléiert. Mat 10 Meter laange Schläifen am Gleis kënnen zousätzlech Informatioune wéi Ufank/Enn vun enger LGV oder Pantograph erop oder eroffueren signaliséiert ginn.

Iwwer d'Modulatioun léist sech eng kontinuéierlech Informatioun an d'Kabinn vum Zuch iwwerdroen. Am TVM 300 sinn dat 18 Ënnerfrequenzen (Modulatioune vun den Trägerfrequenzen), vun deenen ëmmer eng eenzeg aktiv ass an eng eenzeg Informatioun an d'Kabinn iwwerdroe kann. Beim TVM 430 ginn et 27 Ënnerfrequenzen, déi an alle méigleche Kombinatiounen zesummegesat kënne ginn. Doduerch entsteet e 27-Bit Wuert (all Bit ass eng Ënnerfrequenz déi entweder un oder aus ass), dat aus Netzwierkcode (3 Bits), Geschwindegkeet (8 Bits), Blocklängt (6 Bits), Gefäll (4 Bits) an enger 6-Bit-CRC (Prüfzomm) fir D'Feelerprüfung besteet.

Kabinnesignalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Kabinnesignaler
Numm Signal Limitéiert Vitesse
Aktuell Noutbrems Am nächste Block
Rouge
Cab Speed 000E.svg
Repère F: 30 km/h 35 km/h 0 km/h oder 30 km/h (Markéierung F oder Nf)
Repère Nf: 0 km/h
Zéro

(Avertissement 0)

Cab Speed 000A.svg
Viregt Signal = 80A: 80 km/h 90 km/h
Viregt Signal = 160A: 160 km/h 170 km/h
080E

(Exécution 80)

Cab Speed 080E.svg
80 km/h 90 km/h 80 km/h
080A

(Annonce 80)

Cab Speed 080A.svg
160 km/h 170 km/h
160E

(Exécution 160)

Cab Speed 160E.svg
160 km/h
160A

(Annonce 160)

Cab Speed 160A.svg
220 km/h 235 km/h
220E

(Exécution 220)

Cab Speed 220E.svg
220 km/h
220A

(Annonce 220)

Cab Speed 220A.svg
270 km/h 285 km/h
270V
Cab signal 270V blink.gif
270 km/h
270VL

(Voie Libre 270 km/h)

Cab Speed 270V.svg
270A

(Annonce 270)

Cab Speed 270A.svg
300 km/h 315 km/h
300V
Cab signal 300V blink.gif
300 km/h
300VL

(Voie Libre 300 km/h)

Cab Speed 300V.svg
  1. Larousse des trains et des chemins de fer, Säit 436.