Op den Inhalt sprangen

Transnistrien

Vu Wikipedia
Transnistresch Moldauesch Republik
russesch: Приднестровская Молдавская Республика
ukrainesch: Придністровська Молдавська Республіка
moldawesch: Република Молдовеняскэ Нистрянэ

Fändel vun Transnistrien

Wope vun Transnistrien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Ukrainesch, Russesch, Moldawesch
Haaptstad: Tiraspol
Staatsform: Presidentielle System
  President: Wadim Nikolajewitsch Krasnoselski
  Premierminister: Alexander Nikolajewitsch Rosenberg
Fläch: 3.567 km²
Bevëlkerung: 466.000
Wärung: Transnistresche Rubel
Zäitzon: UTC +3 / +2

Transnistrien (russesch: Приднестровье, ukrainesch: Придністров) ass en de facto Regimm an Osteuropa, deen international net unerkannt, a just vu Russland ënnerstëtzt gëtt. D'Gebitt dat haaptsächlech ëstlech vum Floss Dnister (russesch: Dnestr) op der moldawesch-ukrainescher Grenz läit, gehéiert vëlkerrechtlech zur Republik Moldawien, betruecht sech selwer awer zënter dem 5. November 1991 als onofhängeg "Transnistresch Moldauesch Republik". D'Gebitt vun Transnistrien ass 3.567 km² grouss, ronn 40 % méi grouss wéi Lëtzebuerg. De Schätzungen no liewe 466.000 Leit an Transnistrien(Stand 2025)[1].

Transnistrie bilt zesumme mat de Regiounen Abchasien a Südossetien, déi all zur fréierer Sowjetunioun gehéiert hunn, d'Gemeinschaft vun netunerkannte Staaten.

Déi de facto onofhängeg Republik Transnistrien ass a 5 Rajonen (Distrikter) opgedeelt; do dernieft gëtt et nach zwou rajonfräi Stied Tiraspol (Haaptstad) a Bendery.

Déi offiziell Sprooche sinn Ukrainesch, Russesch a Moldawesch.

 Commons: Transnistrien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Digital 2025: Transnistria. DataReportal – Global Digital Insights (03.03.2025). Gekuckt den 30.06.2025.