Transponder (Satellit)

Vu Wikipedia

En Transponder op engem Satellit empfängt Daten a straalt si nees of. Zum Beispill kann eng Äerdfunkplaz Datesignaler fir d'Televisioun un ee geostationäre Satellit senden, déi deen nees zeréck op d'Äerd schéckt. All geeegent Satellittenantenn mat Siichtverbindung zum Satellit kann d'Signal empfänken.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Vereinfacht Blockdiagramm vun engem Transponder.

Am staark vereinfachte Blockdiagramm schafft d'Antenn lénks souwuel als Empfänger (Rx: engl. receive), wéi och als Sender (Tx: engl. transmit). Den Orthomode Transducer (OMT) separéiert respektiv vereenegt déi zwou Polarisatioune vun der Mikrowellestralung, wärend den Diplexer (DX) den Empfangs- an d'Sendestralung zu der Antenn zesummeféiert. D'Bandpassfilter begrenzen d'Signal. Den Empfänger (RD, engl. Receiver) mat de Mëscher respektiv Digital Down Converter verréckelt d'Signaler zu méi déiwe Frequenze, fir d'Weiderbeaarbechtung ze vereinfachen. Vum Agangs-Demultiplexer (IMUX) aus kommen si zu der Schaltmatrix (SWM), déi d'Signaler op d'Leeschtungsverstäerker (AMP) verdeelt. Als stéierufällegst Glid vum Transponder sinn d'Leeschtungsverstäerker héichredundant ausgeluecht (beispillsweis 19:16, d. h. 19 Verstäerker fir 16 Signaler). D'Leeschtungssignaler faasst den Ausgangsmultiplexer (OMUX) zesummen a leet si un den Diplexer fir d'Iwwerdroung weider.

Datequot[änneren | Quelltext änneren]

Am Ku-Band ass d'Bandbreet vun engem Transponder typescherweis 36 MHz. Domat léisst sech en analoge Televisiounskanal mat engem Frequenzëmfank vun zirka 5 MHz iwwerdroen. D'Ofschätzung kënnt aus der Carson-Formel bei engem Frequenzhub vun 10 MHz.

E rauschbelaaschteten Digitalkanal vun 36 MHz Bandbreet mat engem Signal/Rauschverhältnes vun 10 dB kënnt am Idealfall zirka 100 Mbps iwwerdroen. Real Effektivwäerter leie bei 40 Mbps, entspriechend der Capacitéit fir 16 einfach Digital-TV Kanäl (zirka 2 Mbps pro Kanal) respektiv 4 HDTV Kanäl (5–8 Mbps pro Kanal).

E grousse Satellit mat enger elektrescher Leeschtung vun 10 kW kann zirka 50 Transponder betreiwen an ronn 500 Televisiounsprogrammer ausstralen. Satellittenubidder verlounen Transponderkapazitéiten fir zirka 4000 EUR pro MHz am Mount, entspriechend zirka 2 Milliounen € pro Joer fir een Transponder mat 40 MHz Bandbreet.

Fir Iwwerdrounge wéi z. B. Liveschaltungen an Nochriichtesendungen gi vun Drëttubidder Slots op Transponder vun eppes méi eeleren oder net sou populäre Satellitten ugebueden. D'Käschten fir dës Feeds leien jee no Bandbreet bei ronn 3 € (4,5 MHz-Slot) pro Minutt.

Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Transponder schaffen transparent. Si empfänken Daten a stralen se direkt an enger anerer Frequenz nees of. Dofir huet sech am englesche Sproochgebrauch d'Ausdrocksweis Bent Pipe agebiergert. Wéi duerch e gebéite Rouer gëtt den Datestroum ouni qualitativ Verännerung weidergeleet.

De Regenerativ-Modus funktionéiert anescht. D'Satellitten empfänken d'Daten, demoduléieren, decodéieren a korrigéiere se, fir s'op en Neits ze codéieren an op e bestëmmten Empfänger weiderzeleeden.