Op den Inhalt sprangen

Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette

Vu Wikipedia
TICE
En TICE-Bus (MAN Lion's City) vun der Linn 13 an der Busgare zu Esch-Uelzecht
Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette
Secteur Ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg
Leedung Marco Lux
Verwaltungssëtz Esch-Uelzecht
Membergemengen Diddeleng, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Keel, Käerjeng, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng, Suessem
Gegrënnt 2. Juni 1914
Websäit http://www.tice.lu
Logo
Busgarage…

Den Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, ofgekierzt TICE, ass e lëtzebuergeschen interkommunale Syndikat dee sech ëm den ëffentleche Persounentransport am Süde vu Lëtzebuerg, gréisstendeels am Minett këmmert.

Den TICE ass zanter 2020 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster agedroen[1].

… a Verwaltungsgebai vum TICE um Bd Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht (2014)
MAN-Bus mat Unhänger (Göppel 10) am Retrolook fir d'100-Joer Feier 2014

Mam Gesetz vum 19. Mee 1914[2] gouf d'Regierung autoriséiert bis zu 50 Prozent vun de Käschten fir d'Uleeë vun interkommunalen Tramslinnen am Kanton Esch-Uelzecht z'iwwerhuelen. Den initiale Betrag vun der staatlecher Participatioun vun ursprénglech maximal 2,5 Milliounen Frang gouf 1921 op e Maximum vun 8,7 Millioune Frang erhéicht[3].

Op Basis vum Gesetz vun 1914 gouf de Syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-Alz duerch e groussherzogleche Beschloss vum 2. Juni 1914[4] vun den 9 follgende Gemenge gegrënnt:

De Syndikat krut d'exklusiivt Recht fir um Gebitt vun de Membergemengen en Tram ze bauen, ze bedreiwen a fir Konzessiounen ze verginn.

Am Laf vun der Zäit gouf den Arrêté grand-ducal e puermol ugepasst: de 27. Dezember 1951[5], de 27. Mee 1952[6], 1953[7], den 29. Juli 2008[8][9] an den 1. Dezember 2017[10]. Mat der Statutenännerung vun 2008 gouf den Numm Tramways intercommunaux du canton d'Esch-sur-Alzette an Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette geännert, d'Ofkierzung TICE gouf bäibehalen[8].

Am Joer 2008 ass d'Gemeng Monnerech dem TICE-Syndikat bäigetrueden[Quell?].

Am Joer 2012 koumen duerch d'Schafe vun der Gemeng Käerjeng duerch Fusioun zousätzlech Uertschaften dobäi.

Am Februar 2025 gouf eng nei Konventioun ausgeschafft, duerch déi den Transportministère och Member vum Syndikat gouf. Doduerch gëtt dann en Deel vun den Exploitatiounskäschten an de Fraisen fir nei Investissementer (ë. a. an eng elektresch bedriwwe Busflott) vum Staat gedroen.[11] Enn Juni gouf du bekannt, datt – virausgesat déi néng betraffe Schäfferéit sinn averstanen – den TICE an Zukunft als Syndicat mixte soll funktionéieren, an deem den Transportministère d'Presidence iwwerhëlt. D'Käschte fir d'Gemenge géifen op 15 Milliounen Euro d'Joer limitéiert, alles driwwer géif vum Staat iwwerholl ginn.[12]

Exploitatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum TICE léisst sech an dräi Phasen andeelen:

  • Plangen a Realiséieren (12. Mee 1910 - 29. Mee 1927),
  • Tramsbetrib (29. Mee 1927 - 22. September 1956); méi Informatioun doriwwer am Artikel Minettstram,
  • Busbetrib (13. September 1949 - haut).

Vun 1949 bis 1956 sinn déi fréier Linne vum Minettstram no an no mat Bussen ersat ginn.

Den 2. Juni 2014 gouf den 100. Jubiläum vum TICE an enger akadeemescher Sëtzung am Escher Theater gefeiert[13]. Den TICE huet 2014 364 Leit beschäftegt an hat 110 Bussen am Asaz. Aus der selwechter Ursaach war den 19. Juli 2014 eng Porte ouverte an de Raimlechkeete vum TICE um Boulevard Charles de Gaulle[14].

Den Direkter vum TICE ass de Mike Schoos, de President vum Syndikat ass de Marco Lux[15].

Statistesch Daten

[änneren | Quelltext änneren]
Tankstatioun fir d'Busse vum TICE mat Diesel oder Bioäerdgas opzetanken

Donnéeën iwwer den TICE[16]

Zuel vun de Buslinnen 10 Stand: 01/2026
Zuel vun de Gefierer 148 Stand: 12/2025
mat Diesel 55
Gelenkbus 25
Standardbus 17
Midibus 13
Hybrid-Undriff 41
Gelenkbus 29
Standardbus 12
mat Äerdgas 48
Standardbus 48
ouni (Unhänger) 5
Personal 508 Stand: 04/2022
Administratioun 12
Atelier 70
Fuerbetrib 426
Chaufferen 409
aner 17
Gefuere Streck pro Joer (km) 6.457.000 Stand: 04/2022
Zuel vun de Passagéier 8.000.000 Stand: 04/2022

D'Streckennetz vum TICE hat am Joer 2011 eng Längt vun 377,5 km. Am Joer 2015 huet den TICE 15 Buslinne fir de Public (Nummeren 1 bis 10, 12 bis 15 a 17) an 81 Linne fir de Schülertransport bedriwwen. Zënter dem 14. Dezember 2025 ginn d'Linnen 8, 9, 10, 12, 17 net méi vum TICE assuréiert, sou datt nach just 10 Linnen zum TICE-Reseau gehéieren.

Op den Haaptbuslinne fueren d'Busse wiertes am 15 Minutten-Takt, op den Niewelinnen all 30 Minutten. Sonndes gëllt am Prinzip e Stonnen-Takt, vereenzelt just all zwou Stonnen.

Déi Escher Gare huet gradewéi fréier beim Tram d'Funktioun vun engem Terminus; mat der Reorganisatioun 2025/26 fält d'Halt bei der Gare awer fir d'Linnen 2, 4 a 5 ewech, wat et mat sech bréngt, datt d'Passagéier deelweis méi wäit – bis op d'Stadhausplaz – goe mussen[17].

Vum 5. Dezember 2016 bis den 13. Juli 2025 ass all Weekend an um Virowend vun de Feierdeeg en "Nuetsbus" op alle Linnen gefuer. D'Nuetsbuslinne goufen am Kader vun der Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport am Süde vum Land zougemaach.[18]

Aktuell Linnen

[änneren | Quelltext änneren]
Linn Streck zënter Januar 2026 Streck bis Enn 2025
Esch – Bieles – Déifferdeng – Péiteng – Rolleng – Rodange Esch – Bieles – Déifferdeng – Péiteng – Rolleng
Esch – Zolwer– Déifferdeng Esch – Zolwer – Déifferdeng
Esch – Bieles – Zolwer – Suessem – Nidderkäerjeng – Lénger– Rodange Esch – Bieles – Nidderkäerjeng – Lénger – Rodange
Belval – Esch – Schëffleng – Keel – Diddeleng Esch Belval – Esch Gare – Schëffleng – Keel – Diddeleng
Éilereng – Esch – Rëmeleng – Keel – Diddeleng Esch – Rëmeleng – Keel – Diddeleng
Uewerkuer – Déifferdeng – Zowaasch – Nidderkuer Uewerkuer – Déifferdeng – Zowaasch – Nidderkuer
Esch – Lalleng – Esch/Belval – Bieles – Zolwer Esch – Lalleng – Esch Belval
Esch – Éilereng – Suessem – Nidderkäerjeng – Péiteng – Rodange Esch – Éilereng – Nidderkäerjeng – Péiteng – Rodange
Uewerkuer – Déifferdeng – Suessem – Nidderkäerjeng – Péiteng – Rodange Déifferdeng – Suessem – Nidderkäerjeng – Péiteng – Rodange
Esch – Belval – Bieles – Zolwer – Suessem – Nidderkäerjeng – Féngeg – Kënzeg Esch – Belval – Bieles – Nidderkäerjeng – Féngeg – Kënzeg

Fréier Linnen

[änneren | Quelltext änneren]
Linn Streck Bemierkung
Diddeleng – Greisendall – Spidol – Gare – Soibelkaul bis den 13. Dezember 2025, duerno vum Citybus Diddeleng iwwerholl („Bus 8“)[19]
Diddeleng – Skatepark P&R – Italien – Gare – Gemeng – Bireng bis den 13. Dezember 2025, duerno vum Citybus Diddeleng iwwerholl („Bus 9“)[19]
Diddeleng – Gemeng – Kräizbierg – Wolkeschdall – Gare – Gemeng bis den 13. Dezember 2025, duerno vum Citybus Diddeleng iwwerholl („Bus 10“)[19]
bei der Reorganisatioun 2015 zougemaach; vun der Linn 17 iwwerholl
Esch – Conservatoire – Hiehl – Pl. Pierre Ponath bis den 13. Dezember 2025, duerno vum Citybus Esch iwwerholl
Bei der Reorganisatioun 1995 zougemaach
Esch – Éilereng – Monnerech – Steebrécken bis den 13. Dezember 2025, duerno mat der RGTR-Linn 643 ersat[20]
MAN-Bus Nr. 555 mam Göppel-Unhänger Nr. 501 virum Lallenger Lycée.
TICE-Bus Nr. 34 vun 1959 (Mercedes-Benz Typ O 317)
Bus mat agebautem Atelier fir Reparaturen op der Streck ze maachen (Mercedes-Benz Typ O 405)

Iwwersiicht vum TICE-Fuerpark[21]:

Aktuell Bussen

[änneren | Quelltext änneren]
Aktuell Bussen(Stand: Dezember 2025)
Bus-Nr.ZuelProduktiounsfirmaTypA Betrib geholl
42 - 476Mercedes-BenzCitaro C22014
48 - 514Mercedes-BenzCitaro C22016
1201Mercedes-BenzO530G Citaro facelift G2006
121 - 1222Mercedes-BenzO530G Citaro facelift G2011
1231MANA40 Lion's City G NG3632012
124 - 1296MANLion's City GL NG3632016
130 - 1356MANLion's City GL NG3632017
136 - 1449Mercedes-BenzCitaro C2 G2019
145 - 1539MAN18C Lion's City 18 NG360 EfficientHybrid2020
154 - 1585Mercedes-BenzCitaro C2 G hybrid2022
2091Van HoolNew A3082011
210 - 2123Van HoolNew A3082013
2131Mercedes-BenzCitaro C2 K2015
214 - 2185Mercedes-BenzCitaro C2 K2016
219 - 2213Mercedes-BenzCitaro C2 K2017
316 - 32711MANLion's City NL313 CNG2013
328 - 34417MANLion's City NL313 CNG2015
345 - 3528MANLion's City NL313 CNG2017
353 - 3586MANLion's City NL313 CNG2019
359 - 3646MANLion's City NL313 CNG2019, 2020
365 - 3684MAN12C Lion's City 12 G NL320 EfficientHybrid2021
369 - 3768MAN12C Lion's City 12 G NL320 EfficientHybrid2023
401 - 4066MAN18C Lion's City 12 G NL320 EfficientHybrid2021
407 - 4115MAN18C Lion's City 12 G NL320 EfficientHybrid2023
412 - 4154MAN18C Lion's City 12 G NL320 EfficientHybrid2024
551 - 5566MANA21 Lion's City NL3632014
Total 143
501 - 505 5 Göppel G11 (Unhänger) 2014
34 1 Mercedes-Benz O317 1959

De Mercedes Bus Nr. 34 vun 1959 zielt net zum Linnebetrib; en huet iwwerlieft an ass renovéiert ginn. E gëtt vun der Bus 34 asbl benotzt a gefleegt a ka fir privat Zwecker (mat Chauffer) gelount ginn.

Fréier Bussen

[änneren | Quelltext änneren]
Fréier Bussen(Stand: Dezember 2025)
Bus-Nr.ZuelProduktiounsfirmaTypA Betrib gehollAusser Betrib geholl
1 - 22BerlietAlcadre19281940
1 - 33ChaussonAPH4819481960, 1961, 1965
4 - 107MAN-Comes1949 - 19511964, 1965, 1968
11 - 155Henschel-Comes1951, 19531965, 1967, 1968
161Büssing-ConrardyU919541968
17 - 204Büssing-ComesU91953 - 19541968, 1969, 1972
21 - 3212Büssing-ComesU101954 - 19571972, 1973, 1974
28 + 332Büssing-JonckheereU1019591977
3
34 - 61
29Mercedes-JonckheereO3171961
1959 - 1972
1977
1977 - 1986
62 - 7413MANSÜ2301973 - 19751988 - 1989
75 - 99
1 - 4
29MANSÜ2401975 - 19801990 - 1996
5 - 84MercedesO30719811998
9 - 2012MANSÜ2401984 - 19861999 - 2001
21 - 3616MercedesO4051988 - 19912003 - 2012
37 - 415Van HoolA60019922011
42 - 476MercedesO40519932012
48 - 525Van HoolA37019952012
53 - 6412Mercedes NÜGO4051995 - 19962008 - 2009
65 - 695MAN CNGNL23319982013
70 - 734MAN A20NÜ2631998 - 19992014
74 - 763MAN A21NL2631998 - 19992014 -
77 - 793Mercedes CitaroO53020002014 -
80 - 823MAN CNGNL31320022013
83 - 864MAN CNG-2TNL31320032013
87 - 893MAN CNG-2TNL31320052016
90 - 912MAN CNG-3TNL31320052016, 2017
92 - 943MAN CNG-2TNL31320052017
95 - 984MAN CNG-2T EEVNL31320062017
100 - 110
113
12Mercedes Citaro-GO5301999 - 2003
2004
2014

2017, 2020

111 - 112
114 - 117
6MAN A23NG3132003
2005
2020
118 - 1192MAN A23 Lion`s CityNG35320072022, 2023
120 - 1223Mercedes Citaro-G EEVO5302009 - 2011
1231MAN A23 Lion`s City EEVNG3632012
200 - 2012MAN-GöppelNM22320022013, 2015
202 - 2054Mercedes CitoO52020032013
206 - 2083Van Hool-NEWA30820072017
2091Van Hool-NEWA3082011
210 - 2123Van Hool-NEWA3082013
301 - 31515MAN CNG-3T EEVNL3132008 - 20112019 - 2023
316 - 32712MAN CNG-3T EURO6NL3132013
11 - 3222Irisbus Citelis EEV122007 - 20112016 - 2020
33 - 419Van Hool-NEW EEVA33020122023
42 - 476Mercedes Citaro C2 E6O5302014

De Busdepot mat de Reparaturatelieren an d'Verwaltung vum TICE ass um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht. An den Ateliere kënnen alleguer d'Reparaturen un der Mechanik, der Karosserie an de Sëtzer vum eegene Personal ausgeféiert ginn. Am Lager sinn iwwer 16.000 Ersatzdeeler permanent disponibel fir d'Reparature sou séier wéi méiglech kënnen ze maachen. Zu den Ateliere gehéiert eng Wäschstrooss an eng modern ekipéiert Sprëtzkabinn fir Lackéierungsaarbechte vun eenzelen Deeler, an awer och vu komplette Bussen.

  • P. Bohnert, R. Dhur, J. Eck, P. Rauen: De Minettstram: Die Geschichte der interkommunalen Trambahnen im Kanton Esch, 1985, 325 S., Éditpress
  • P. Bohnert, A. Pennartz: De Minettstram: fréier an haut, 2009, 252 S., Impr. Schlimé (Bartreng), ISBN 978-2-87996-645-8

Dokumentatiouns-CD

[änneren | Quelltext änneren]
  • Fir den 100. Gebuertsdag vum TICE ass am Juli 2014 eng Video-CD mat engem kommentéierte Film zur Geschicht vum TICE erauskomm: De Minettstram
 Commons: Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) (J127) SYNDICAT DES TRAMWAYS INTERCOMMUNAUX DANS LE CANTON D'ESCH. www.lbr.lu (31.01.2020). Gekuckt den 22.08.2020.
  2. (fr) Loi du 19 mai 1914 concernant l'établissement de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-sur-Alzette. legilux.public.lu (23.05.1914). Gekuckt den 22.08.2020.
  3. (fr) Loi du 9 août 1921 portant modification de l'art. 1er de la loi du 19 mai 1914 concernant l'établissement de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-l'Alzette. legilux.public.lu (13.08.1921). Gekuckt den 22.08.2020.
  4. (fr) Arrêté grand-ducal du 2 juin 1914 portant création d'un syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-Alz. legilux.public.lu (06.06.1914). Gekuckt den 22.08.2020.
  5. (fr) Arrêté grand-ducal du 27 décembre 1951 portant modification de l'article 4 de l'arrêté grand-ducal du 2 juin 1914, concernant la création d'un syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch/Alzette. legilux.public.lu (29.12.1951). Gekuckt den 22.08.2020.
  6. (fr) Arrêté grand-ducal du 27 mai 1952, portant modification de l'article 5 de l'arrêté grand-ducal du 2 juin 1914, modifié par l'arrêté grand-ducal du 27 décembre 1951. (Syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux).. legilux.public.lu (06.06.1952). Gekuckt den 22.08.2020.
  7. (fr) Arrêté grand-ducal du 13 novembre 1954 modifiant l'organisation du syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-sur-Alzette. legilux.public.lu (01.12.1954). Gekuckt den 22.08.2020.
  8. 1 2 (fr) Arrêté grand-ducal du 29 juillet 2008 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat pour le transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, en abrégé «T.I.C.E.». legilux.public.lu/ (03.09.2008). Gekuckt den 22.08.2020.
  9. (fr) Arrêté grand-ducal du 29 juillet 2008 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat pour le transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette, en abrégé «T.I.C.E.». RECTIFICATIF. legilux.public.lu (30.01.2009). Gekuckt den 22.08.2020.
  10. (fr) Arrêté grand-ducal du 1er décembre 2017 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat pour le transport intercommunal de personnes dans le Canton d'Esch-sur-Alzette, en abrégé « T.I.C.E. ». legilux.public.lu (23.12.2017). Gekuckt den 22.08.2020.
  11. (de) Philipp Michel: "Ministerium übernimmt - TICE bald nicht mehr in Gemeindehand: Grundsätzliche Einigung zur Finanzierung steht." tageblatt.lu, 10.02.2025.
  12. (fr) FGFC-Delegation beim Transportministerium: Fortschritte bei der Transformation des TICE-Syndikats-Personalinteressen im Fokus. FGFC - Fédération Générale de la Fonction Communale. Gekuckt de 26.06.2025.
  13. Nicolas Anen am Luxemburger Wort vum 4. Juni 2014, S.18: Den TICE, e Stéck Minett
  14. P. Mousel am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2014, S. 18: Öffentlicher Transport mal anders
  15. Notre équipe. Syndicat T.I.C.E. Gekuckt den 02.12.2025.
  16. Stand: Dezember 2025 fir d'Gefierer; Januar 2026 fir d'Linnen, Abrëll 2022 fir d'Personal, d'Kilometer an d'Passagéier
  17. Nouveaux tracés TICE : «Une détérioration factuelle pour de nombreux passagers» | Le Quotidien. Gekuckt den 02.12.2025.
  18. (lb) TICE deelt mat: An der Nuecht op e Sonndeg sinn déi lescht Late Night Busse gefuer. www.rtl.lu. Gekuckt de 24.07.2025.
  19. 1 2 3 Le Citybus bientôt géré par la Ville de Dudelange. Ville de Dudelange. Gekuckt den 03.12.2025.
  20. (fr) Petra Svoboda, Réorganisation des réseaux de bus TICE et RGTR dans la région Sud à partir du 4 janvier 2026. Mobilitéit (03.12.2025). Gekuckt den 03.12.2025.
  21. (de) Fahrzeugliste - Luxembourg, Tramways Intercommunaux dans le Canton d´Esch (TICE). fotobus.msk.ru. Gekuckt den 02.12.2025.