Trapez am Orion

Vu Wikipedia
D'Trapezstären am Zentrum vum Orion-Niwwel. Lénks am visuellen, riets am infraroude Liicht.

D'Trapez (och θ1-Orionis) ass en optesche Méifachstär am Orionniwwel. Et besteet aus véier Stären, déi all physesch Méifachstäre sinn. Tatsächlech ass d'Trapez déi hellst Komponent vun engem Oppene Stärekoup mat enger grousser Stärendicht, den Orion-Trapezium-Koup mat engem Duerchmiesser vu ronn 1,5 Liichtjoer am Zentrum vum Orionniwwel.

Astronomesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

D'Trapezstären hu sech viru ronn 300.000 Joer direkt aus dem Material vum Orionniwwel geformt a reegen hien haut duerch Ionisatioun zum Liichten un. Si dreiwen d'Gas- a Stëbswollek duerch hire Stärewand auserneen a loossen eng sphäeroid Hielecht entstoen, där hire Kär vun der Ionisatiounsstralung opgehellt gëtt a sou deen Deel vum Orionniwwel formt, dee vun der Äerd aus däitlech ze gesinn ass. D'Stären am Trapez hunn tëscht 15 a 40 Sonnemassen. Den Trapeziumkoup ass eng jonk Ënnergrupp vum groussen Orionniwwel-Koup, deen aus ongeféier 2000 Stären, verdeelt iwwer nëmme ronn 20 Liichtjoer, besteet.

Stär Spektralklass Visuell Magnitude Bemierkung
θ1 Orionis A (V 1016 Ori) B1 6,7 Bedeckungsverännerleche Duebelstär
θ1 Orionis B (BM Ori) B0 8,0 Véierfachstär
θ1 Orionis C O6 5,1 Duebelstär, hellste Stär am Trapez
θ1 Orionis D B0,5 6,7 Duebelstär

Entdeckungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1610 hat de franséischen Astronom Nicolas-Claude Fabri de Peiresc säin Teleskop als éischten op dës Regioun geriicht[1]. Hie gëllt haut als Entdecker vum Trapez. E puer Joer méi spéit, 1617 huet och de Galileo Galilei déi Regioun observéiert. Seng Observatiounen hat hien ausféierlech an engem Notizbuch ageschriwwen. Vum Trapez hat hien déi dräi hellst Komponenten A, C an D festgehalen. Hien hat vermierkt, datt vun de Komponenten A an D ongeféier eng sou hell wéi déi aner ass, an zu der Komponent C de selwechten Ofstand hätt. Weider leien d'Komponenten A an D sou no beim C, datt se dee praktesch beréieren. Domat war Theta 1 Orionis den éischte Stär, dee mat engem Teleskop an e puer Komponenten opgeléist gouf.

Am Joer 1656 huet den hollänneschen Astronom Christiaan Huygens den Orionniwwel observéiert. Duerch seng Zeechnung hat de Christiaan Huygens bis an d'19. Joerhonnert als den Entdecker vum Orionniwwel an dem Trapez gegollt. Allerdéngs hat hien - wéi schonn de Galileo Galilei virdrun - vun den eigentlechen Trapezstären, der och nëmmen dräi gesinn. 1673 huet den Abbe Jean Picard e véierte Stär am Kär vum Niwwel entdeckt. Och de Christiaan Huygens huet dee Stär am Joer 1684 gesinn an huet déi Grupp "Trapezium" genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trapez (Astronomie) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Harald Siebert: Die Entdeckung des Orionnebels. Historische Aufzeichnungen aus dem Jahr 1610 neu gesichtet. In: Sterne und Weltraum. Nr. 11, 2010, S. 32–42.