Trebisonda Valla

Vu Wikipedia
Trebisonda Valla
Ondina Valla.jpg
Gebuer 20. Mee 1916
Bologna
Gestuerwen 16. Oktober 2006
L'Aquila
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Kuerzstreckeleefer, Liichtathlet
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Trebisonda Valla gebuer den 20. Mee 1916 zu Bologna an Italien, a gestuerwen de 16. Oktober 2006 zu L'Aquila war eng italieenesch Liichathletin an Olympiagewënnerin am 80-Meter-Hürdelaf.

Si huet scho mat 13 Joer zu deene beschten Athletinne vun Italie gezielt. Mat 14 Joer gouf si Landesmeeschterin a koum an d'Nationalekipp.Si huet an de Joren duerno e puer nei Weltrekorder opgestallt an och Italieenesch Landesmeeschterschaften nach e puermol gewonnen.

Hire gréisste Succès war wéi si op den XI. Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin den 80 m Hürdelaf virun der Däitscher Anni Steuer (Sëlwer), an der Kanadierin Elizabeth Taylor-Campbell (Bronze) gewonnen huet.


Olympic rings without rims.svg Olympesch Gewënnerinen am 80/100 m Hürdelaf

1932: Mildred Didrikson 80 m | 1936: Trebisonda Valla 80 m | 1948: Fanny Blankers-Koen 80 m | 1952: Shirley Strickland 80 m | 1956: Shirley Strickland 80 m | 1960: Irina Press 80 m | 1964: Karin Balzer 80 m | 1968: Maureen Caird 80 m | 1972: Annelie Ehrhardt | 1976: Johanna Schaller | 1980: Vera Komisova | 1984: Benita Fitzgerald-Brown | 1988: Yordanka Donkova | 1992: Voula Patoulidou | 1996: Ludmila Engquist | 2000: Olga Shishigina | 2004: Joanna Hayes