Triton (Mound)

Vu Wikipedia
Triton
Den Triton op enger Foto vun der Raumsond Voyager 2, 1989.
Zentralkierper Neptun
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 354.759 km
Periapsis 354.753 km
Apoapsis 354.765 km
Exzentrizitéit 0,000016
Ëmlafzäit 5,876854 Deeg
Ëmlafvitess 4,39 km/s
Inklinatioun 129,812°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser (2.706,8 ± 1,8) km
Dicht 2,061 g/cm3
Albedo (0,756 ± 0,041)
Visuell Magnitude (mag) (13,472 ± 0,041) mag
Entdeckung
Entdecker William Lassell
Entdeckungsdatum 10. Oktober 1846


Gréissteverglach tëscht Triton (ënne lénks), Äerdmound (uewe lénks) an Äerd (moossstafsgerecht Fotomontage).

Den Triton (och Neptun I) ass mat engem Duerchmiesser vun 2707 Kilometer dee mat Ofstand gréisste Mound vum Planéit Neptun, souwéi de siwentgréisste Mound an de siechzéngtgréisste Kierper am Sonnesystem.

Entdeckung a Benennung[änneren | Quelltext änneren]

Den Triton gouf den 10. Oktober 1846 vum Béierbrauer an Hobbyastronom William Lassell entdeckt. Nëmme 17 Deeg virdrun hat de Johann Gottfried Galle de Riseplanéit Neptun entdeckt. Wéi de John Herschel vun der Neptunentdeckung héieren hat, hat hien dem Lassell e Bréif geschriwwen, an deem hien him virgeschloen hat, no méigleche Mounden ze sichen. De Lassell hat dorophin den Triton no aacht Deeg fonnt.

De Mound gouf nom Triton, engem Mieresgott aus der griichescher Mythologie genannt, deen dacks als Jong vum Poseidon bezeechent gëtt. Den Numm gouf eréischt 1880 vum Camille Flammarion an aneren Astronome virgeschloen, allerdéngs gouf den Numm laang Zäit net benotzt. Aus Opzeechnunge vun 1939 kann ee liesen, datt de Mound zwar en Numm hätt, dëse war awer allgemeng net am Gebrauch. An der astronomescher Literatur war ëmmer nëmme vum Mound vum Neptun d'Rieds.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Triton kreest ëm den Neptun op enger retrograder, bal perfekt kreesfërmeger Ëmlafbunn an engem mëttleren Ofstand vun 354.759 Kilometer (zirka 14,326 Neptunradien) vum Zentrum, also 330.000 Kilometer iwwer der ieweschter Grenz vun de Wolleken. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,000016, d'Bunn ass mat 156,885° staark schréi vis-à-vis vum Equator vum Neptun

D'Ëmlafbunn vum nächste bannenzege Mound Proteus ass 237.100 Kilometer vum Tritonorbit ewech, déi vum nächst bannenzege Mound Nereid an der Moyenne 5.159.000 Kilometer. Duerch déi héich Bunnexzentrizitéit kënnt den Nereid dem Triton bis op ongeféier eng Millioun Kilometer méi no.

Den Triton ëmleeft den Neptun a 5 Deeg, 21 Stonnen, 2 Minutten a 40,2 Sekonnen. Dobäi ëmkreest hien de Planéit, anescht wéi déi meescht Mounde vum Sonnesystem retrograd (réckleefeg), dat heescht géint d'Rotatiounsrichtung, wat fir e Mound vun där Gréisst a verhältnesméisseg klenger Distanz zum Zentralkierper héchst aussergewéinlech an am Sonnesystem eenzegaarteg ass.

Den Triton leeft an engem kriteschen Ofstand ëm den Neptun, wouduerch hie staark de Gezäitekräfte vum Gasplanéit ausgesat ass. Well den Triton dem Neptun weider méi no kënnt, kann hien no Berechnunge an 100 Millioune Joer d'Roche-Grenz no banne passéieren an zerrappt ginn, woubäi seng Bestanddeeler e grousst Ranksystem, wéi beim Saturn, forme wäert.

Méiglecherweis ass den Triton en Objet vun der Kuiperceinture, dat vum Neptun duerch d'Gravitatiounswierkung agefaange gouf.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatiounszäit ass d'selwecht wäi d'Ëmlafzäit an den Triton huet domat, wéi den Äerdmound, eng synchron Rotatioun, déi de selwechte réckleefegen Dréisënn vu 5 Deeg, 21 Stonnen, 2 Minutten a 40,2 Sekonnen huet. Seng Rotatiounsachs steet genee vertikal op sengem Bunnplang.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Triton huet e mëttleren Duerchmiesser vun 2706,8 Kilometer an ass domat mat Ofstand de gréisste Neptunmound. Den Triton huet eleng 99,5 % vun der ganzer Mass, déi den Neptun ëmgëtt, et falen deemno 0,5 % op déi aner 13 Mounden an op de Ranksystem vum Neptun.

Triton, verglach mam Äerdmound
Numm Duerchmiesser
(km)
Mass
(kg)
Bunnradius (km) Ëmlafdauer (Deeg)
Triton 2707 2,15 × 1022 354.800 5,877
Äerdmound 3476 7,35 × 1022 384.400 27,32
Triton / Äerdmound 78 % 29 % 92 % 22 %

Dem Triton seng mëttels Dicht ass 2,05 g/cm3. Hien huet eng héich Albedo vun 0,76, dat heescht, 76 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Dat kënnt dohier, well e groussen Deel vu senger Uewerfläch vun Äis bedeckt ass.

Déi déifst gemoossen Temperatur op der Uewerfläch ass 35,6 K oder −237,6 °C, si ass déi déifst jee gemoossen Temperatur vun enger Sond an eisem Sonnesystem.

D'total Fläch huet ronn 23.018.000 Quadratkilometer an entsprécht domat ongeféier der Fläch vun Nordamerika (ouni Grönland).

Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

D'Uewerflächentemperatur vum Triton ass an der Moyenne déif genuch, fir trotz der klenger Gravitatioun eng Atmosphär festzehalen, déi zu 99 % aus Stéckstoff, 1 % aus Methan an aus klenge Spuere vu Kuelemonoxid besteet. Allerdéngs ass den Drock mat 1,4 – 1,9 Pascal, deen ongeféier 1/70.000 vum Atmosphärendrock op der Äerd entsprécht, ganz geréng. Déi duerch Sonnenastralung entstane Konvektiounsstréim suergen an der dënner Atmosphär dofir, datt Material vun de Geysire vum Triton op der Uewerfläch verdeelt ginn.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Geysire um Triton, opgeholl vum Voyager 2, 1989. (nokoloréiert Foto)

De Voyager 2 war de 25. August 1989 laanscht den Neptun a seng Mounde geflunn. Dobäi hat si faszinéierend Fotoe vun der Uewerfläch vum Triton op d'Äerd geschéckt. Et hat sech en Netzwierk vu Verwerfungen, un deenen d'Äiskuuscht deforméiert an zerbrach war, gewisen. Nëmme wéineg Aschlagkratere waren ze gesinn. Dat léisst drop schléissen, datt de Mound geologesch aktiv ass, woubäi d'Spuere vun eelere Krateren duerch geologesch oder atmosphäresch Prozesser verwëscht goufen. Grouss Aschlagbecken goufen offensichtlech méi dacks duerch zéiflëssegt Material aus dem Kär opgefëllt.

Iwwerraschend war den Nowäis vun enger Aart „kalem“ Vulkanismus, dat een als Kryovulkanismus (Keelt- oder Äisvulkanismus) bezeechent. Et goufen aktiv Geysire festgestallt, déi e Gemësch aus flëssegem Stéckstoff a matgerapptenen Gestengsstëbs bis an 8 km Héicht ausstoussen. Dës sinn op de Voyager-Fotoe als donkel Wolleke ze gesinn.

Änlech wéi bei Pluto ass d'Uewerfläch vum Triton zu 55 % mat gefruerenem Stéckstoff, zu 15–35 % mat Waasseräis an zu 10–20 % mat Dréchenäis bedeckt. Zudeem konnt en 0,1 % Methan- an 0,05 % Kuelemonoxidäisdeel bestëmmt ginn. Dem Triton seng Uewerfläch huet 23 Millioune km.

Zanter dem Laanschtfluch gouf d'Neptunsystem vun äerdbaséierten Observatioune wéi och mam Hubble-Weltraumteleskop intensiv studéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]