Op den Inhalt sprangen

Musculus triceps brachii

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Trizeps (Aarm))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Muskel am Ueweraarm. Fir fir de Muskel am Been, kuckt wgl. Musculus triceps surae.
Den Trizeps am Kierper vum Mënsch.

Musculus triceps brachii ass déi laténgesch Bezeechnung fir e Muskel am Aarm vum Mënsch, respektiv an der ieweschter oder viischter Extremitéit vu villen anere Wierbeldéieren. Beim Mënsch gëtt en am alldeegleche Sproochgebrauch just Trizeps genannt. Et gëtt awer nach e weidere Muskel mat engem änlechen Numm an der Wued – de Musculus triceps surae.

Den Trizeps ass de Muskel, deen haaptsächlech fir d'Strecke vum Ielebougelenk (also d'Strecke vum Aarm) verantwortlech ass.[1] De Bizeps dogéint ass fir d'Béie vum Ielebou zoustänneg.

Beim Mënsch läit den Trizeps op der Récksäit vum Ueweraarm. En huet dräi Muskelkäpp: de mëttleren (Caput mediale), de säitlechen (Caput laterale) an de laange Kapp (Caput longum). An der Richtung vun der Schëller entspréngt de laange Kapp um Schëllerblat an déi zwéin aner op der Récksäit vun der Schank am Ueweraarm (dem Humerus). An där anerer Richtung ginn all dräi Käpp iwwer d'Ielebougelenk ewech a setzen un enger Schank vum Ënneraarm un, der Ulna.[2]

Bei den Déieren ass den Opbau vum Trizeps heiansdo anescht; e ka méi oder manner wéi dräi Muskelkäpp hunn.[3][4]

Beim Strecke vum Ielebou zitt den Trizeps sech zesummen (Kontraktioun) a beim Béie vum Ielebou deent e sech aus (Dekontraktioun). De laange Kapp zitt sech och zesumme, wann den Aarm hannert de Réck geet, well en hannert dem Schëllergelenk festgemaach ass.

 Commons: Musculus triceps brachii – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Qu'est-ce que le triceps et quel est le rôle de ce muscle ?. Le Figaro Santé. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  2. (de) Musculus triceps brachii. DocCheck Flexikon. Gekuckt de 4. August 2025.
  3. (de) Musculus triceps brachii (Veterinärmedizin). DocCheck Flexikon. Gekuckt de 4. August 2025.
  4. (de) Musculus triceps brachii (Geflügel). DocCheck Flexikon. Gekuckt de 4. August 2025.