Op den Inhalt sprangen

Trounwiessel (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Trounwiessel)
Logo vum Trounwiessel 2025
Fändelen an der Stad am Kader vun der Feierlechkeete fir den Trounwiessel 2025

En Trounwiessel bedeit zu Lëtzebuerg gemenkerhand déi feierlech Muechtiwwerdroung vum regéierende Souverän u säin Nofollger oder – am Fall vum Doud vum Herrscher – d'Iwwerhuele vun der Muecht vu sengem Ierwen. Dës Zeremonie ass en Deel vun der Geschicht vun der Groussherzoglecher Famill, zënter datt d'Haus Nassau-Weilburg fir d'éischt un d'Muecht koum: vum Kinnek-Groussherzog Adolphe (1890) iwwer de Wëllem IV. (1905), d'Groussherzoginne Marie-Adélaïde (1912) a Charlotte (1919) duerno d'Groussherzoge Jean (1964), Henri (2000) bis bei de Guillaume (2025).

Fir datt deen neie Membere vun der Groussherzoglecher Famill ka Groussherzog oder Groussherzogin ginn, muss den aktuellen Herrscher fir d'éischt ofdanken, andeems hien en deementspriechenden Arrêté grand-ducal ënnerschreift. Fir d'Funktioun vum Staatschef kënnen auszeüben, muss den Nofollger duerno virun der Chamber en Eed ofleeën

„La fonction de Chef de l’État est héréditaire dans la descendance directe de Son Altesse Royale Adolphe, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, par ordre de primogéniture et par représentation. Seuls les enfants nés d’un mariage ont le droit de succéder.
Le Grand-Duc exerce la fonction de Chef de l’État à partir du moment où il a prêté devant la Chambre des Députés le serment suivant : « Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles“

Art. 56 (1) a 57 (1) vun der Lëtzebuerger Constitutioun

Haus Oranien-Nassau

[änneren | Quelltext änneren]
Vereedegung vum Adolphe vu Lëtzebuerg, 1890

„Mam Wëllem III. geet d'männlech Linn vum glorräichen Haus Oranien-Nassau zu Enn, dat eis, nodeems et Joerhonnerte laang mat der gréisster Pracht geglänzt huet, nach dräi eminent a beléift Herrscher an e fir ëmmer veréierte Prënz-Leutnant ginn huet“

Auszuch aus der handgeschriwwener Versioun vun der Regierungsproklamatioun vum 23. November 1890 (iwwersat)

Haus Nassau-Weilburg

[änneren | Quelltext änneren]
D'Marie-Adélaïde op der Trap virun der Chamber, nodeem si den Eed ofgeluecht huet (18.06.1912)
Vereedegungszeremonie vum Groussherzog Jean an der Chamber (12.11.1964)
  • 9. Dezember 1890: An enger feierlecher Sëtzung an der Chamber leet den neie Groussherzog Adolphe säin Eed of:

„Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire, ainsi que la liberté publique et individuelle, comme aussi les droits de tous et de chacun de Mes sujets.

Je jure d'employer à la conservation et à l'accroissement de la prospérité générale et particulière, ainsi que le doit un bon Souverain, tous les moyens que les lois mettent à Ma disposition.

Ainsi Dieu Me soit en aide !

Vive le Grand-Duché !“

Prestation de serment - Séance solennelle de la Chambre des Députés du 9 décembre 1890.
  • 17. November 1905: Doud vum Adolphe;
  • 22. November 1905: am Schlass Hohenburg zu Lenggries an Uewerbayern leet de Wëllem IV. säin Eed virun enger Delegatioun vun der Chamber of. Bei den Deputéierten déi fir d'Delegatioun ausgeloust gi waren, huet et sech ëm den Auguste Laval (President), Charles Crocius, Emile Prüm, Robert Brasseur a Luc Housse gehandelt;
  • 19. Mäerz 1908: d'Maria Ana vu Bragança, Fra vum Wëllem IV., gëtt Lieutenant-Représentant, well hire Mann gesondheetlech Problemer huet;
  • 18. November 1908: d'Maria Ana iwwerhëllt d'Regence;
  • 25. Februar 1912: de Wëllem IV. stierft an d'Maria Ana bleift d'Regentin bis zur Groussjäregkeet vun hirer eelster Duechter;
  • 14. Juni 1913: d'Marie-Adélaïde ass groussjäreg a leet den 18. Juni den Eed als éischt Lëtzebuerger Groussherzogin of;
  • 9. Januar 1919: no schwéiere bannepolitesche Konflikter an wéinst Virwërf iwwer hir ze vill däitschfrëndlech Haltung dankt d'Marie-Adélaïde op Drock vun den Alliéierten of;

„À la suite du rapport qui m'a été fait par le Gouvernement sur sa récente entrevue avec le Ministre des Affaires Étrangères à Paris, J'ai résolu de renoncer à la Couronne du Grand-Duché. (…) Je désire donc éviter au peuple luxembourgeois toute difficulté pouvant venir entraver les négociations que le Gouvernement sera dans le cas d'entamer avec l'une ou l'autre des Nations voisines dans le but de préparer et d'organiser l'avenir économique du Pays“

Abdication de S. A. R. la Grande-Duchesse Marie-Adélaïde, Mémorial 5, 18 janvier 1919
  • 15. Januar 1919: der Marie-Adélaïde hir eelst Schwëster Charlotte gëtt d'Nofollgerin um Troun a leescht op Schlass Bierg den Eed op d'Lëtzebuerger Verfassung. D'Chamber-Delegatioun déi sech dowéinst op Bierg deplacéiert hat, bestoung aus den Deputéierte François Altwies (President), Auguste Delaporte, Mathias Huss, Egide Petges, Jacques Schmitz a Émile Reuter;
  • 28. Abrëll 1961: der Groussherzogin Charlotte hiren eelste Bouf Jean gëtt Lieutenant-Représentant;
  • 12. November 1964: no 45 Joer un der Spëtzt vum Land verzicht d'Groussherzogin Charlotte zu Gonschte vun hirem Jong Jean op den Troun. Den neie Groussherzog leescht den Eed op d'Verfassung am Plenarsall vun der Chamber;
  • 4. Mäerz 1998: de Groussherzog Jean ernennt säin eelste Fils Henri als Lieutenant-Représentant;
  • 7. Oktober 2000: de Jean verzicht zu Gonschte vu sengem eelste Jong Henri op den Troun an den Henri gëtt am Plenarsall vun der Chamber vereedegt;
  • 8. Oktober 2024: de Grand-Duc Henri huet dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen, sou wéi hien dat op Nationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat;
  • 3. Oktober 2025: de Groussherzog Guillaume leescht den Eed an der Plénière vun der Chamber.

Trounwiessel 2025

[änneren | Quelltext änneren]
De Grand-Duc Henri ënnerschreift den Arrêté grand-ducal vu senger Ofdankung
Vereedegung vum Guillaume an der Chamber.

Den Trounwiessel 2025 gouf iwwer dräi Deeg gefeiert:

Freideg, 3. Oktober

[änneren | Quelltext änneren]

Offiziellen Deel mat der Ofdankung vum Grand-Duc Henri am Palais, der Vereedegung vum Grand-Duc Guillaume an der Chamber, der Begréissung vum Public vun der neier groussherzoglecher Koppel um Knuedler, enger Receptioun vun der Regierung am Cercle Cité an engem Galadîner am Palais.

Samschdeg, 4. Oktober

[änneren | Quelltext änneren]

Dem Grand-Duc seng feierlech Tournée duerch d'Land, mat Statiounen zu Gréiwemaacher (Visitt ënner dem Thema „Sport als Mëttel fir d'Fërderung vum Benevolat“), Wolz (interkulturell Feier mam Thema „Diversitéit a Gemeinschaft“), Stengefort (am Hôpital intercommunal, Visitt vu Patienten an dem Personal aus dem Gesondheetssecteur), Diddeleng (am Quartier NeiSchmelz, inklusive Spektakel mat Danz, Akrobatik, Freerunning, Perkussioun, Zirkus, Sprooch, asw.) an an der Stad (Animatioun a Concerte vu Lëtzebuerger Artisten, Trëppeltour mat der groussherzoglecher Koppel iwwer d'Rout Bréck, Droneshow, …).

Sonndeg, 5. Oktober

[änneren | Quelltext änneren]

Te Deum mat der groussherzoglecher Famill an der Kathedral.

 Commons: Trounwiessel (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]