Trumpler 14

Vu Wikipedia
Oppene Stärekoup Trumpler 14
Detailéiert Foto vum Trumpler 14, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Carina (Car)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 43m 56s
Deklinatioun - 3,05° 3,28' 0,27"
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz (Lj) 8.000 Lj
Routverrécklung -0.000050
Stären 2.000
Alter 300.000-500.000
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
1041-593

Den Trumpler 14 (oder Collinder 230) ass en Oppene Stärekoup am Stärebild Carina um südleche Stärenhimmel. Hie läit ronn 8.000 Liichtjoer vum Sonnesystem ewech am Carinaniwwel an huet en Duerchmiesser vu knapps 6 Liichtjoer. Mat engem Alter vun 300.000–500.000 Joer gehéiert hien zu de jéngste Kéip an der Mëllechstrooss.

Et ass e masseräiche Koup mat ronn 2000 jonke Stäre vun alle Gréisseklassen. Zum Beispill den Superris HD 93129A, ee vun den hellste Stären an eiser Galaxis. Dee Stär ass ronn 80-mol méi masseräich wéi eis Sonn a liicht 2½ Millioune mol méi hell.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Infraroutfoto vun engem Carina-Niwweldeel, den Trumpler 14 (Mëtt-lénks), erstallt mam Very Large Telescope.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.eso.org/public/germany/news/eso0947/