Tuffkallek

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geology stub.svg Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tuffkalleksteen
D'Pierre de cron zu Zowaasch

Tuffkallek (och nach Dausch oder Dausteen) ass en nach jonkt, poréist, sekundäert Sediment.

Tuffkallek entsteet do, wou mat Kallek iwwersiedegt Quellewaasser austrëtt an dann de Kallek precipitéiert a sech oflagert. Ë. a. am „Lexikon der Luxemburger Umgangssprache“ gouf emol behaapt, den Dausch wier duerch Vulkanismus entstanen[1], wat awer net stëmmt.

E Beispill fir en Dausteen ass déi sougenannt „Pierre de cron“ zu Zowaasch, déi 1992 aus dem Hank erof an d'Strooss gebrach oder gerëtscht ass.

Déi Plaze wou Tuffkallek ofgelagert an deelweis exploitéiert gouf, ginn „Dauschkaul“ genannt. Zu Lëtzebuerg ginn e zwéi Lieu-diten mat deem Numm: een zu Boufer an een zu Dummeldeng. Absënns zu Dummeldeng gouf den Dausch geholl fir d'Kierch an d'Schoul ze bauen[2].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lemma „Dausteen“ am Lexikon der Luxemburger Umgangssprache
  2. Lemma „Dauschbur“ am „Luxemburger Wörterbuch