Op den Inhalt sprangen

Tumor

Vu Wikipedia
E Stéck Daarm, dee mat Daarmkriibs befall ass. De béisaartegen Tumor ass de méi däischterrouden Deel an der Mëtt.

En Tumor, Tumeur, Geschwulst oder Gewächs beschreift e biologeschen Tissu, deen op eng anormal an iwwerméisseg Manéier gewuess ass.

Tumore fënnt ee bei alle Méizeller, dorënner och de Planzen.[1]

An der Medezin gëtt de Prozess vun esou engem Neibilde vun Tissu am Kierper als Neoplasie bezeechent.[2][3] Aner Schwellungen am Kierper, wéi Entzündungen oder Ödeemen, si keng Tumeuren.

En Tumor ka guttaarteg oder béisaarteg sinn. Bei engem béisaartegen Tumor schwätzt een am Allgemenge vu Kriibs. Eng histologesch Ënnersichung ass wichteg, fir erauszefannen, ob en Tumor béisaarteg ass a fir en deementspriechend ze behandelen. E puer Tumore si vun Ufank u béisaarteg, wärend anerer, wéi bestëmmt Polyppen am Daarm, ufanks guttaarteg sinn a sech dann zu béisaartegen Tumeure kënnen entwéckelen.[4]

 Commons: Tumor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dodueva, Irina E., et al. Plant Tumors: A Hundred Years of Study. Planta, vol. 251, no. 4, 2020, pp. 1–28. JSTOR. Gekuckt de 27. Mäerz 2026.
  2. (de) Neoplasie. DocCheck Flexikon. Gekuckt de 27. Mäerz 2026.
  3. (en) Tumor (Neoplasm): Types, Symptoms & Treatment. clevelandclinic.org (26 July 2024). Gekuckt de 27. Mäerz 2026.
  4. (fr) Christian Thomsen, Tumeur. dictionnaire-medical.fr. Gekuckt de 27. Mäerz 2026.