Tunnel Grouft

Vu Wikipedia
Tunnel Grouft
Den Nordagank vum Tunnel Grouft bei der „Porte Ouverte“ am September 2015
Typ Stroossentunnel
Strooss Nordstrooss A7
Technesch Donnéeën
Längt 2 966 m
Réier 2
Kapp 1
Koordinaten
Blaaschent
49° 41’ 20.41’’ N
      06° 09’ 46.7’’ O
Kapp 2
Koordinaten
Luerenzweiler
49° 42’ ’’ 25.9
      N° 06’ 08’’ 29.3
Ausfaart virdrun N°1 Wandhaff/Dummeldeng
Ausfaart duerno N°2 Luerenzweiler/Lëntgen
Bau
Bauzäit 2005 - 2015
Opgemaach fir de Verkéier 23. September 2015
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Guttland
Uertschaften Blaaschent - Luerenzweiler

Den Tunnel Grouft ass en Tunnel op der lëtzebuergescher Nordstrooss A7 deen ënner dem Blaaschenterbierg erduerch geet. E krut säin Numm duerch de Flouernumm Grouft bei Blaaschent, deen ongeféier op der hallwer Streck vum Tunnel läit, a wou den Tunnel och am déifsten ënner dem Buedem läit.

Den Tunnel huet eng Längt vun 2.966 m. (PK 6,300 - PK 9,266). E verbënnt de Plateau vum Heeschdrëffer Bierg am Süden, mat dem Uelzechtdall am Norden.

De Bau vum Tunnel[änneren | Quelltext änneren]

De Schantje gouf de 14. Februar 2005 ageriicht an de 24. August 2005 gouf mat den Aarbechten um eigentlechen Tunnel ugefaangen. Gläichzäiteg gouf ugefaangen den zweespuerege Rouer (T2) vun Norden a vu Süden ze gruewen. E puer Woche méi spéit gouf och den 3 spuerege Rouer (T3) an Ugrëff geholl.

De 4. Dezember 2006 war den Duerchstéch am Rouer T2 (zwou Pisten) a Presenz vum Groussherzog Henri.

Am Summer 2009 sollten d'Déifbauarbechte fäerdeg ginn an den Tunnel hätt sollen 2012 a Betrib goen. Eréischt zwee Joer méi spéit, den 13. September 2015, war eng „Porte Ouverte“ wou d'Leit den Tunnel besiche konnten, ier en dunn den 23. September 2015, zesummen mam Rescht vun der Nordstrooss, fir de Verkéier opgoung.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Den Tunnel deen eng duerchschnëttlech Pente vu 4,5 % huet (maximal Pente 4,63 %) besteet aus zwéi Réier. An Nordsüd-Richtung huet d'Fuerbunn dräi Spueren a vum Heeschdrëffer Bierg bis op den Echangeur vu Luerenzweiler sinn et der zwou. Déi drëtt Spuer biergop gouf aus Sécherheetsgrënn ugeluecht, an dëst haaptsächlech well d'Opfaarte vum Echangeur vu Luerenzweiler Pente vu bis 6 % hunn, an net wäit genuch vum Tunnel ewech si fir datt Camionen nom Areie genuch Vitess kënne kréie fir de Bierg erop ze fueren. Dat hätt just virun der Entrée vum Tunnel zu geféierleche Situatioune féiere kënnen an och am Tunnel selwer (Accidenter duerch Hannendroprennen), soudatt decidéiert gouf eng drëtt Spuer op der ganzer Längt duerch den Tunnel ze bauen.

D'Fuerbunn huet eng Breet vun 10,5 m (3 Spuere vun 3,5 m) a Richtung Süden a vu 7 m (2 Spuere vun 3,5 m) a Richtung Norden.

An all Rouer stinn a reegelméissegen Ofstänn Noutruffsailen wou ee bei enger Panne oder engem Accident kann Hëllef ruffen. Et bestinn do och Virrichtunge fir bei engem Brand säin Auto kënnen ze läschen.

Zéng queesch Galerië verbannen déi zwéi Réier matenee fir datt een am Fall vun engem Feier ka vun engem an deen anere Rouer evakuéiert ginn a fir datt d'Hëllefsequippe kënne bäikommen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tunnel Grouft – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]