Turelbaach
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Turelbaach. Fir de Lieu-dit, kuckt wgl. Turelbaach (Lieu-dit). |
|
D'Turelbaach zu Mäerzeg | |
| An anere Sproochen | de: Turelbach |
|---|---|
| Längt | 9,00 km |
| Hydrographesche Baseng | Rhäin |
| Originn | |
| Originn | Quell |
| Héicht | 475 m |
| Koordinaten |
49° 51’ 38.7’’ N 05° 55’ 36.0’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | d'Waark |
| Plaz |
Mäerzeg (in Fullenpesch) |
| Héicht | 311 m |
| Koordinaten |
49° 49’ 57.6’’ N 06° 00’ 23.7’’ O |
| Geographie | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Uertschaften | Mäerzeg |
|
| |
D'Turelbaach ass eng Baach an de Gemengen Esch-Sauer, Groussbus-Wal a Mäerzeg. Se huet hir Quell um Flouer Hunnebruch (Hierheck), op enger Héicht vu 475 Meter, a leeft dann no kuerzer Zäit a südëstlecher Richtung, an engem Dall tëscht Dellen a Mëtscheed. Op deem Laf mécht si grosso-modo d'Grenz tëscht de Gemenge Groussbus an Esch-Sauer.
Ënnerwee hëlt se an hirem Uewerlaf vu lénks 3 kleng Baachen ouni Numm op, da vu riets d'Welschebaach a vu lénks um Dellerstee eng weider anonym Baach. Um Lieu-dit Turelbaach fiddert s'e Weier, an deem zwou kleng Insele sinn, a wou op enger dovun d'Schlass Turelbaach steet. Vun do un leeft s'um Territoire vun der Gemeng Mäerzeg.
No am Ganzen 9 Kilometer leeft se zu Mäerzeg Am Vullepesch, op enger Héicht vun 311 Meter, op där hirem Kilometerpunkt 19,45 vu lénks an d'Waark.
Chaînage
[änneren | Quelltext änneren]| Baseng | Niewebaseng | Direkt Nieweflëss | Rang 3 | Rang 4 | Rang 5 | Rang 6 |
|---|---|---|---|---|---|---|
| Rhäin | Musel | Sauer | Uelzecht | Waark | Turelbaach | Laangbaach |
| Welschebaach |
