Op den Inhalt sprangen

U.S. Highway 1

Vu Wikipedia
D'Enn vum US Highway 1 zu Key West a Florida

Den U.S. Highway 1, och „U.S. Route 1“ oder „US 1“ genannt, ass en Highway, dee parallel mat der US-Ostküst leeft. En huet eng Längt vun 3.846 Kilometer.

D'Strooss féiert vu Fort Kent am Maine op der Grenz mat Kanada bis op Key West a Florida beim Golf vu Mexiko.

Déi wichtegst Stied, déi um Highway leien, si Portland, Boston, New York City, Philadelphia, Baltimore, Washongton D.C., Richmond, Columbia a Miami.

Den Highway dréit d'Nummer 1, well Nord-Süd-Highways vun Osten no Westen nummeréiert sinn.

 Commons: U.S. Highway 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien