UAO - DLR Asteroid Survey

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UAO - DLR Asteroid Suvey)

UAO - DLR Asteroid Survey / UDAS (Ofkierzung fir UAO - DLR Asteroid Survey, woubäi UAO fir Uppsala Astronomical Observatory an DLR fir Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfahrt steet) ass d'Bezeechnung fir en Asteroide-Sichprogramm, deen zanter 1999 vum Uppsala Astronomical Observatory a Kooperation mat dem Institut fir Planéitefuerschung vum DLR bedriwwe gëtt. Mat Hëllef vun engem 50 Kilometer südlech vun Uppsala am Observatoire Kvistaberg stationéierten 1m Schmidt-Teleskop goufe bis 2005 ronn 350 Asteroiden, dorënner och en äerdnoen Objet, entdeckt[1].

UDAS ass (nieft ADAS) en Nofollegprogramm vun der ODAS-Himmelsiwwerwaachung, déi 1999 opgrond vum Manktem u finanzielle Mëttelen hat missen agestallt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Discoverers