NGC 201

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UGC 419)
NGC 201
Den NGC 201, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Cetus (Cet)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 00h 39m 34,93s
Deklinatioun + 00° 51' 34,9"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SAB(r)c[2]
Visuell Magnitude 12,9[3] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
13,6[3] mag
Wénkelduerchmiesser 2,5/2,2[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13,8[3]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu HCG 7[4]
Distanz (Lj) zirka 180 Mio.[4]
Routverrécklung +0,014728 ± 0,000062
Radialvitess +4415 ± 19[2]
Geschicht
Entdecker F. W. Herschel
Entdeckungsdatum 28. Dezember 1790
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 383-59
GC 102
h 43
H III-873
HCG 7C
IRAS 00370+0035
MCG +0-2-115
NGC 201
PGC 2388
UGC 419
2MASX J00393485+0051355

Den NGC 201 ass eng Balkespiralgalaxis am Stärebild Cetus. Si läit ongeféier 180 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Zesumme mat dräi Nopeschgalaxië bilt den NGC 201 eng kompakt Grupp, déi HCG 7 heescht. HCG steet fir Hickson Compact Group. Dat sinn Usammlunge vun helle Galaxien, déi isoléiert leien. Et gëtt ugeholl, datt d'Galaxië vun der Grupp HCG 7 sech méi no kommen a schliisslech matenee verschmëlzen[5]. Simulatiounen hu gewisen, datt déi Galaxien no enger Milliard vu Joren eng riseg Galaxis wäerte ginn.

Den NGC 201 gouf den 28. Dezember 1790 vum däitsch-britteschen Astronom Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 201 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 SIMBAD Database
  2. 2,0 2,1 NASA/IPAC Extragalactic Database
  3. 3,0 3,1 3,2 Students for the Exploration and Development of Space
  4. 4,0 4,1 National Optical Astronomy Observatory
  5. http://www.astronews.com/bilddestages/2014/20140630.shtml