Palomar 5
| Palomar 5 | |
|---|---|
| Kugelstärekoup | |
| Stärebild: | Serpens (Ser) |
| Daten | |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Rektaszensioun | 15h 16m 05s |
| Deklinatioun | -00° 06’ 41" |
| visuell Magnitude | +11,75m |
| visuell Duerchmiesser | 6,9' |
| Gehéiert zu | Mëllechstrooss |
| Astrometrie | |
| Radialvitess: | -58,7 ± 0,2 km/s |
| Distanz | 75.700 Liichtjoer |
| Absolut Hellegkeet | -5,17M |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Mass: | ca. 5000 Sonnemassen |
| Aner Bezeechnungen | |
| Pal 5, UGC 9792, GCl 32, MCG +00-39-016, CGCG 021-061 | |
De Palomar 5 (kuerz: Pal 5) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Serpens. De Pal 5 gouf am Joer 1950 vum Walter Baade entdeckt an 1955 vum Albert George Wilson zeréckentdeckt. Hie gehéiert mat ongeféier 5.000 Sonnemassen zu de massenäermste bekannte Kugelstärekéip.
De Palomar 5 ass ronn 75.700 Liichtjoer vun eis ewech. Hie kreest zanter zirka 10 Milliarde Joer ëm d'Mëllechstrooss. Wärend en ettleche Passagen duerch de Mëllechstroosseplang huet de Pal 5 no an no Deeler vu senger Matière un d'Mëllechstrooss verluer. En Deel vun der erausgerappter Matière hat zwéin, ronn 15.000 Liichtjoer laang Gezäitenäerm gebilt, déi och als Palomar-5-Stärestroum bezeechent ginn. De Stärestroum beweegt sech mat Pal 5 ëm d'Mëllechstrooss an huet haaptsächlech massenaarm Stären. Am Ganzen huet de Pal 5 bis elo ronn 50.000 Sonnemasse verluer.
An 110 Millioune Joer wäert sech de Pal 5 nees duerch d'Mëllechstrooss beweegen an an engem Ofstand vun 23.000 Liichtjoer zum Zentrum an e stäreräicht Areal antrieden. Do wäert e warscheinlech da vollstänneg vun der Mëllechstrooss opgeholl ginn.