Uerde vun der Sonn déi opgeet

Den Uerde vun der Sonn déi opgeet ((ja) 旭日章, Kyokujitsushō, (fr) ordre du Soleil levant, (de) Orden der Aufgehenden Sonne) ass eng japanesch Auszeechnung, déi 1875 vum Tennō Meiji geschaf gouf.
Den Uerde gouf den 10. Abrëll 1875 duerch en Dekreet vun der japanescher Regierung an d'Liewe geruff a war domat déi éischt japanesch Auszeechnung déi geschaf gouf. Ursprénglech bestoung den Uerden aus enger eenzeger Klass, bis en 1888 an néng Klassen agedeelt gouf. Ier den Uerden 2003 reorganiséiert gouf, konnte just Männer domat ausgezeechent ginn; et war bis dohin – nom Chrysanthèmenuerden – déi zweethéchst japanesch Auszeechnung. De weibleche Pendant war den Uerde vun der Eedeler Kroun.
Den Uerde vun der Sonn déi opgeet gëtt fir aussergewéinlechen Déngschter am zivillen oder militäresche Beräich verginn. Domat ausgezeechent goufe bis ewell Akademiker, Diplomaten, Membere vum Militär a Politiker, déi eppes Bedeitendes fir déi japanesch Kultur a Gesellschaft bäigedroen hunn.
- Uerde vun der Sonn déi opgeet
-
1. Klass
-
2. Klass
-
3. Klass
-
4. Klass
-
5. Klass
-
6. Klass
-
7. Klass[1]
-
8. Klass[1]
Den Uerden zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Och zu Lëtzebuerg goufe Leit mat deem Uerden ausgezeechent, déi sech op déi eng oder aner Manéier ëm d'Relatioune mat Japan verdéngt gemaach hunn, dorënner de fréiere Staatsminister a Kommissiounspresident Jacques Santer (2015, Grousst Band)[2], déi fréier Kultur- an Héchschoulministesch Erna Hennicot-Schoepges (2017, Gold-a-Sëlwer-Stär)[3], den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich (2019, mat Rosette)[4], de Wëssenschaftler Jules Hoffmann (2020, Gold-a-Sëlwer-Stär)[5], de fréiere Staatsminister a Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker (2020, Grousst Band)[6], oder d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (2025, Grousst Band)[7].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Uerde vun der Sonn déi opgeet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Mat der Reform vun 2003 ofgeschaaft
- ↑ Former Luxembourg leader receives 1st class Japanese Order. luxtimes.lu, 10.12.2015.
- ↑ La remise de l’Ordre du Soleil Levant, Etoile d’Or et d’Argent à Mme Erna Hennicot-Schoepges. Ambassade du Japon au Luxembourg, communiqué, 07.12.2017.
- ↑ Remise de l’Ordre du Soleil Levant, Rayons d’Or avec Rosette. Ambassade du Japon au Luxembourg, Communiqué, 18.12.2029.
- ↑ "Strasbourg : l’Ordre du Soleil levant remis aux professeurs Beretz, Hoffmann et Sauvage" dna.fr, 24.12.2020.
- ↑ 2020 Autumn Conferment of Decorations on Foreign Nationals. mofa.gov.jp, 2020.
- ↑ (fr) City - Avril 2025. www.vdl.lu S. 16. Ville de Luxembourg. Gekuckt de 05.04.2025.