Uergel Kierch Märel

Vu Wikipedia

Déi éischt Uergel an der Märeler Kierch gouf 1882 vun der Uergelmanufaktur Heinrich Voit & Söhne vun Durlach opgeriicht, an 1930 vun der Manufacture d'orgues luxembourgeoise G. Stahlhuth succ. Georges Haupt, der haiteger Uergelmanufaktur Georg Westenfelder ëmgebaut. Eng ganz nei Uergel gouf am Joer 1975 vun der Lëntgener Uergelfabrik ënner der Leedung vum Georg Westenfelder am Kierchechouer opgestallt. Déi Uergel huet eng mechanesch Spilltraktur an eng elektro-pneumatesch Regëstertraktur. 1997 huet d'Firma Westenfelder eng Trompett bäigemaach. 2011 gouf d'Instrument komplett iwwerholl vun der Firma Reichenstein vu Windesheim (D).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Märeler Uergel op orgues.lu